Radioen

On air

9 bis 1  |  Eltereschoul J. Korczak

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'LSAP kritiséiert Drock bei Transfert vu Caritas-Mataarbechter:inne bei HUT

No Finanzbedruch

D'LSAP kritiséiert Drock bei Transfert vu Caritas-Mataarbechter:inne bei HUT

D’LSAP ass skandaliséiert, wéi d‘Caritas-Mataarbechter:innen un déi nei Entitéit HUT "iwwerdroe ginn". D‘Mataarbechter:inne wieren e Freideg an och haut de ganzen Dag an en isoléierte Raum convoquéiert, a kréichen do en neien Aarbechtskontrakt virgeluecht.

auto_stories

1 min

Dobäi géif groussen Drock op si gemaach ginn, fir datt si deen neie Kontrakt ënnerschreiwen. Si kréiche keng Méiglechkeet, deen neie Kontrakt a Rou duerch ze liesen oder sech beroden ze loossen, zum Beispill vun hire Personaldelegéierten. Ee Vertrieder vun der Personaldelegatioun vun der Caritas wier zwar sur place, dierft awer d’Persounen net an de Sall begleeden.

Dobäi missten d‘Mataarbechter:innen dann awer en Text ënnerschreiwen, datt si Reflexiounszäit gehat hätten an sech beroden ze loossen.

D‘LSAP zweiwelt drun, datt déi Method legal ass a fuerdert de Premier op, anzegräifen.