Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Ben Wendel - On The Trail (Live)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Impfaktioun géint d'Blozongekrankheet ass ugelaf

Zënter ugangs der Woch

D'Impfaktioun géint d'Blozongekrankheet ass ugelaf

D‘Blozongekrankheet mécht de Bauere weiderhi Suergen. Déi viral Infektioun déi duerch eng Méck iwwerdroe gëtt, betrëfft virun allem Schof a Geessen, mee och Ranner. Zënter ugangs der Woch leeft elo eng Impfaktioun.

auto_stories

2 min

Gees | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Jens Büttner
Foto: picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Jens Büttner

Eng 50.000 Dosen Impfstoff goufe bis elo scho vun de Veterinären ugefrot a ginn elo verschafft, nach dëse Freideg ass eng zweet Charge mat 30.000 nogeliwwert ginn an eng drëtt Charge ass bestallt, sou den Direkter vun der Lëtzebuerger Veterinär- a Liewensmëttelverwaltung ALV. Mee och wann d‘Impfaktioune lafen, sou dauert et eng Zäit, bis datt deen Effekt seng Wirkung weist an d‘Impfung muss no 3 Woche widderholl ginn, sou de Felix Wildschütz. "Dat brauch elo awer e Mount bis een do eventuell éischt Resultater gesäit."

Et as een och net op de Wee vun enger obligatorescher Impfung gaangen, all Déierenhalter kéint sech also fräiwëlleg fir oder géint d‘Impfen entscheeden.

Keng flächendecken Impfaktioun virgesinn

Theoretesch misst de ganze Véibestand méiglechst komplett geimpft ginn, fir e gudde Schutz z'erreechen, dat ass an der Praxis allerdéngs schwiereg. 

"De Problem ass haaptsächlech och bei de Rannerhalter, déi meescht Ranner sinn de Moment dobaussen, haaptsächlech Fleeschranner. An do ass et dann natierlech extrem schwiereg, well da misst een déi Béischte schon an de Stall huelen fir kënnen ze impfen."

D‘Krankheet selwer betrëfft just d‘Déieren, virop Schof a Geessen. Fir de Mënsch besteet keng Gefor, och net dann, wann e mat Mëllech oder Fleesch vu kranken Déieren a Kontakt kënnt.

Lauschterenplay_arrow