D‘Aktivitéite vum Konzern an der Karaganda Regioun am Kasachstan ware staark ëmstridden. Ëmmer nees koum et zu déidlechen Accidenter an d‘Regierung huet ArcelorMittal beschëllegt, net genuch fir d‘Sécherheet vun de Salariéen ze maachen.
Enn Oktober ware 46 Aarbechter an engem Minnenaccident ëm d‘Liewe komm. Doropshin hat de kasachesche President den Uerder ginn, fir d‘Zesummenaarbecht mam Grupp op en Enn ze bréngen.