Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Corridor - Jump Cut

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Schueberfouer huet hir Dieren opgemaach

Bis den 11. September

D'Schueberfouer huet hir Dieren opgemaach

Bis den 11. September ginn eng 2 Millioune Visiteuren um Glacis erwaart. 216 Stänn, Spiller, Restauranten an Iessbude bidde fir kleng a Grouss Alles wat ee sech op der Fouer ka wënschen. 90 Foraine kommen aus Lëtzebuerg, 52 aus Frankräich, 51 aus Däitschland, 19 aus der Belsch a 4 aus Holland. Bei de Spiller a bei den Iessbude ginn et Neierungen.

auto_stories

2 min

Schueberfouer | © picture alliance / BeckerBredel | BeckerBredel
Foto: picture alliance / BeckerBredel | BeckerBredel

All Joers ginn et nei Attraktiounen um Glacis, an dës Kéier sinn der virun allem 4 déi markant sinn, seet de Stater Schäffe Patrick Goldschmit.

„Mir hunn eng grouss Wildwasserbahn, d‘Jim an d‘Jasper‘s ass déi gréissten transportabel, déi et op der Welt gëtt. Dann hu mer och nach den Tapis volant oriental deen op 27 Meter an d‘Luucht geet. Nei ass och den Infinity ee mobille Looping. De Jules Verne Tower kënnt iwwerdeems och dëst Joer zréck.“

Beim Iesse ginn et méi Efforte fir vegan oder vegetarescht Iessen, an am Kader vum Familljendag dën nächste Mëttwoch sinn d’Präisser vun de Spiller a vun den Restauranten a Bude méi niddereg.

Änlech Tariffer wéi déi Jore virdrun

Och den 11. September ginn et méi gënschteg Tariffer op de Spiller.

D’Tariffer géife sech dëst Joer am Verglach mam Ausland halen, esou de Charel Hary President vun der Forainsvereenegung. Ënnert anerem d’Energiepräisser hunn een Afloss op d’Tariffer, déi maximal ëm 50 Cent pro Ticket an d‘Luucht gesat gi wieren.

„De Sprit ass méi deier. Do si Forainen déi fueren 600-700 Kilometer bis op Lëtzebuerg.“

Police, Luxcontrol an ITM suerge fir d'Sécherheet

Fir d’Sécherheet ass gesuergt, engersäits mat engem lokale provisoresche Kommissariat, a fir d’Sécherheet vun de Spiller ass Luxcontrol grad ewéi d’ITM ënnerwee, fir d’Iessen z’iwwerpréiwen ass de Service vun der Liewensmëttelsécherheet ënnerwee.

A fir datt all Kand am Gewulls kann erëm fonnt ginn, huet d’Police nees ee Regëster, bei deem ee sech ka mellen, wou een ee Sticker fir säi Kand kann froen, op deem dann d’Kontaktdaten drop stinn.

An et ass elo ganz einfach fir mam Tram an d’Stad ze fueren. Well de Parking ass bis eng Auer an der Nuecht um Lampertsbierg an de Stroossen an der Zäit limitéiert.

Lauschterenplay_arrow