Radioen

On air

Notturno  |  Call Super & Julia Holter - Illumina

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jordanie kéint keng weider Flüchtlingen ophuelen

D’Flüchtlingssituatioun a Jordanien

Jordanie kéint keng weider Flüchtlingen ophuelen

Jordanie leit matten an der Kriseregioun vum Noen Osten an hëlt zanter Joerzéngten zéngdausende Flüchtlingen op. De Lëtzebuerger Aussen- a Kooperatiounsminister Xavier Bettel war d'lescht Woch op Aarbechtsvisitt am Land an huet do zwou verschidde Flüchtlingssituatioune gesinn, déi vun de Syrer an déi vun de Palästinenser.

auto_stories

3 min

Xavier Bettel an enger Lager fir Refugiéen a Jordanien | © MAE
Foto: MAE

Am jordanesche Flüchtlingslager Zaatari liewen iwwer 80.000 syresch Flüchtlingen a Wunncontaineren. D'Meedercher hunn d'Dreem vun alle Kanner - si an hir Famillen hunn hiert Liewen am Lager organiséiert: Hei ginn et Geschäfter, Schoulen, an e soziaalt Liewen. Vill vun dëse Leit si schonn iwwer 12 Joer am Camp vum UNHCR. Hir Situatioun ass schwiereg, hir Perspektive fortzekomme sinn net grouss an a Jordanie selwer kënnen der vill net an hirem Beruff schaffen, seet de Roland Schönbauer vum UNHCR.

"Du weißt, dass deine Tochter Ärtzin werden will… Wie lange wird sie sich an dieser Perspektive festhalten können, wenn sie weiß, dass sie selbst mit abgeschlossenem Studium nie als Ärtzin arbeiten kann. Diese Perspektivlosigkeit macht uns Sorgen."

Jordanie wëllt keng weider Refugiéen ophuelen

A Jordanien ass d'Sympathie fir d'Flüchtlinge generell grouss, soen Ëmfroen, an awer leit d'Land ënner der Situatioun an ass um Enn vu senger Capacitéit. Wéinst de ville Leit an deem héije Waasserverbrauch fält ënner anerem de Grondwaasserspigel am Land. Iwwer 650.000 Syrer sinn och 2,5 Millioune Palästinenser a Jordanien. Wéinst der aktueller Situatioun huet de jordaneschen Ausseminister Ayman Safadi es genuch. Beim Besuch vum Xavier Bettel huet hie kloer gemaach, datt säi Land keng weider Leit wéilt ophuelen.

An den Ayman Safadi huet un déi international Communautéit appelléiert, Israel zur Rechenschaft ze zeien. Israel géif zanter 30 Joer d'Iddi vun engem Fridden ënnergruewen.

"People have lost the faith in peace, that is the reality."

Schwéier Situatioun fir d'Kanner

Et sinn also och 2,5 Millioune Palästinenser a Jordanien - verschiddener Joerzéngten, anerer eréischt kuerz. Si kréien Hëllef vun der UNRWA, dem Palästina-Hëllefswierk vun der UNO (The United Nations Relief and Works Agency for Palestine Refugees in the Near East). Bei der UNRWA huet de Xavier Bettel palästinensesch Flüchtlinge begéint, déi deels onbeschreiflech traureg an extreem Geschichten erzielt hunn. Hei huet sech gewisen, datt d'Gaaschtfrëndlechkeet vu Jordanien hir Grenzen huet, erzielt eng palästinensesch Fra. Si huet déi jordanesch Nationalitéit an ass mat engem Mann aus Gaza bestuet, hir Kanner hätte keng Rechter.

"My husband is Gazawi, I am Jordanian. I don't have the nationality for my children. In Jordan, they are nothing."

Falsch Uschëllegunge géint d'UNRWA

D'UNRWA huet Schoulen, an déi déi Kanner kënne goen, si bedreiwen och a Jordanie 25 Klinicken, an deene pro Joer eng Millioun Palästinenser passéieren. Israel awer huet der UNRWA virgeheit eng terroristesch Organisatioun ze sinn. Et gouf en onofhängege Rapport gemaach, deen déi Virwërf op ville Punkten entkräft huet. Iwwer den Ëmgang domat, seet den Olaf Becker Direkter vun der UNRWA a Jordanien.

"Solche Beschuldigung gibt es leider seit Kurzem. Wir nehmen sie sehr sehr ernst. Wenn es nur Anschuldigungen sind, sind es nur Anschuldigungen - wenn es Beweise gibt, nehmen wir sofort Entscheidungen."

Jordanie kéint op déi Lëtzebuerger Solidaritéit zielen

De Xavier Bettel huet d'UNRWA verdeedegt: Den onofhängege Rapport hätt gewisen, datt net alles perfekt ass, mee d'UNRWA wier déi eenzeg Hëllef fir d'Palästinenser an der Gazasträif, mee och a Jordanien.

Lëtzebuerg géif an dësem Konflikt nolauschteren an do Ënnerstëtzung leeschten, wou se gebraucht gëtt.

Jordanie kéint op déi Lëtzebuerger Solidaritéit zielen, esou de Xavier Bettel, deen eng Kéier méi ënnerstrach huet, datt eng Zweestaateléisung déi eenzeg Méiglechkeet fir Fridden an der Regioun wier. Et wéisst een awer, datt déi Léisung net scho fir muer wier.

Aktualitéit
International
Politik a Gesellschaft