Vun de Mesurë géifen d’Biobetriber profitéieren, si mussen den neie Reegelen no net méi noweisen, datt si bestëmmten Ëmweltoploen erfëllen, fir déi si Subsidë kréien. D’Moossname gesinn och vir, datt d‘Länner méi Spillraum kréien an net all Ännerung an hiren nationale Pläng fir d’Landwirtschaft musse vu Bréissel approuvéiere loossen.
Si kréien och méi Flexibilitéit bei de Subsidë fir Gréngflächen oder an der Gestioun vun de Pufferzonen um Bord vu Flëss. Kritiker fäerten, datt EU-Memberlänner kéinte profitéieren, fir Ëmweltstandarden erofzesetzen.
Dat wier net méiglech, sou de Lëtzebuerger EU-Kommissär Christophe Hansen am 100komma7-Interview. D'Ambitioune géife genee déi selwecht bleiwen, mee et hätt ee festgestallt, datt déi aktuell EU-Agrarpolitik punktuell net sou gutt fonctionnéiert.
"An ech mengen dat ass wichteg, datt een déi Ëmweltperformance mat der agronomescher Realitéit an Aklang bréngt an dat ass genau dat, wat mer hei maachen."
Der Propos vun der Kommissioun no solle Bauere méi Suen a Krisefäll ewéi Dréchent oder Schied duerch Wiedere kréien.
D’Mesurë mussen elo vun de Memberlänner a vum Europaparlament ugeholl ginn, ier se kënnen ëmgesat ginn.