/ D‘EU ënnerstëtzt osteuropäesch EU-Memberstaate mat 3 Milliarden Euro
Fir de Klimaschutz
D‘EU ënnerstëtzt osteuropäesch EU-Memberstaate mat 3 Milliarden Euro
Déi zentral- an osteuropäesch EU- Memberstaate kréien eng Ënnerstëtzung vu knapps 3 Milliarden Euro fir an de Klimaschutz ze investéieren. Dës Zomm aus dem EU-Emissiounshandel soll fir d’Moderniséierung vun Energienetzer, d’Verbesserung vun der Energieeffizienz an den Ausbau vun den erneierbaren Energië genotzt ginn.
Haus Photovoiltaik Suen Illustratioun (Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Michael Bihlmayer)
Zum Beispill sollen esou déi tschechesch Stéit beim Kaf an der Installatioun vu Photovoltaïkanlagen ënnerstëtzt ginn. Kroatien, Bulgarien, Estland, Lettland, Litauen, Polen, Rumänie an d‘Slowakei kruten d‘Sue schonn ausbezuelt.
Mat den Investitiounen solle d’Länner gehollef kréien, hir Klima- an Energiziler ze erreechen an zum EU-Ziel vun der Klimaneutralität bis 2050 bäizedroen.