Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Industrieplang: Atomkraaft als Zukunfts-Technologie

GRÉNG TECHNOLOGIEN

EU-Industrieplang: Atomkraaft als Zukunfts-Technologie

Duerch den europäeschen Industrieplang solle gréng Technologië gefërdert ginn. D‘Atomkraaft gehéiert och dozou. Dat stéisst nëmme bei enger Minoritéit op Kritik, am Europaparlament genee ewéi bei den EU-Memberlänner.

auto_stories

5 min

headphones

3 min

Atomkraaftwierk | © picture alliance/dpa/Revierfoto play_arrow
Foto: picture alliance/dpa/Revierfoto

Duerch den “Net-Zero-Industry Act” solle sou genannte gréng Technologië gefërdert ginn, mam Zil, datt bis 2030 40 Prozent vun der Demande an deem Beräich bannent der EU kann ofgedeckt ginn.

Dat neit EU-Gesetz soll méi gënschteg Konditioune fir dee Secteur schafen, andeems virdrun definéiert strategesch Projete méi einfach a méi séier déi néideg Autorisatioune kréien.

Atomkraaft op der Lëscht vun den „Net-Zero“-Technologien

Am Reglement ginn déi Technologien opgezielt, déi als Net-Zero - also als klimaneutral oder gréng - gëllen. Nieft den erneierbaren Energien aus Solar- oder Wandkraaft ass do och d’Atomenergie op där Lëscht.

D‘Europäesch Kommissioun hat dat an hirer Gesetzespropos anescht virgesinn, d’Majoritéit am Europaparlament awer huet sech dofir agesat. En Donneschdeg gëtt am Industrie-Ausschoss vum Parlament iwwert de finalen Text, op dee sech Memberlänner a Parlament gëeenegt hunn, ofgestëmmt.

Tilly Metz: „D‘Atomkraaft gëtt duerch deen Industrieplang gepusht“

Kritik kënnt vun deene Gréngen. Am finalen Text wieren d’Ëmweltcritèren opgeweecht ginn, sou datt duerch dee Plang elo indirekt och fossil Energië weider gefërdert kënne ginn, seet d’Tilly Metz, Europadeputéiert vun deene Gréngen.

“Den Haaptproblem, dee mir hunn, ass datt d’Atomkraaft duerch deen „Net-Zero-Industry Act“ gepusht gëtt”

Den Text géif d’Dir opmaachen, fir datt weider Suen an d‘Atomkraaft gestach ginn. Och EU-Suen, sou d‘Tilly Metz.

„Duerch déi Lëscht soen ech jo, wéi eng Technologien an Zukunft solle méi staark gefërdert ginn, duerch Investissementer, an och duerch EU-Struktur-Fongen. Do gëtt een am Fall vun der Atomenergie ganz kloer ee falscht Signal.”

Am finalen Text wieren dernieft och d’Ëmweltcritèren opgeweecht ginn, sou datt duerch dee Plang elo indirekt och fossil Energië weider gefërdert kënne ginn. Dowéinst géifen déi Gréng géint deen Text stëmmen.

Isabel Wiseler: „Deen Plang ass ganz wichteg fir déi europäesch Industrie“

Deen europäeschen Industrieplang wier ganz wichteg fir d’EU, sou d‘Bewäertung vun der CSV-Europadeputéiert Isabel Wiseler. Hir Fraktioun, déi vun der Europäescher Vollekspartei steet genee ewéi déi vun de Liberalen hannert dem „Net-Zero-Industry-Act“.

„De Plang bréngt méi Kompetitivitéit fir d’Industrien, wat wierklech wichteg ass fir d’Europäesch Unioun. E fërdert d’Innovatiounen an e bréngt och déi néideg Sécherheet fir d’Investitiounen.“

Marc Angel: „Atomkraaft ass „Bémol“ an deem Gesetzestext“

Och de Marc Angel begréisst et, datt d‘Europäesch Unioun mat deem Plang elo endlech eng Äntwert op den „Inflation Reduction Act“ vun den USA gëtt. Dee Volet vun der Atomkraaft wier „ee Bémol am Dossier“, sou den LSAP-Europadeputéierten.

Ëmmerhi géif am Gesetz festgehalen, datt d‘Länner d‘Lëscht vun deenen Technologien net integral musse fir national Projeten iwwerhuelen, ënnersträicht de Marc Angel. Et wier positiv, datt si op deem Wee een “Opt-out” fir d‘Atomkraaft hunn.

“Ech hoffen datt Lëtzebuerg dat wäert maachen. Ech hoffen, datt mir eng Rëtsch Länner sinn, déi do een Opt-out wäerte maachen. Et ass gutt, datt d’Länner et net opgedréckt kréien, den Nucléaire opzewäerten.”

Seng Fraktioun vun de Sozialiste wier gedeelt, sou den LSAP-Politiker. Et ass awer dovun auszegoen, datt eng Majoritéit an der Plenière fir den Industrieplang stëmmt. De Marc Angel wëll sech do nach net festleeën.

“Ech wäert mir den Text genee ukucken an da wäert ech do meng Decisioun maachen. Wann et ze vill en Faveur vum Nucléaire gëtt, wäert ech mech net zefridde ginn an dann net dofir stëmmen.”

D’LSAP géing sech an hirem Walprogramm kloer géint d’Atomkraaft ausschwätzen, sou nach de Marc Angel. Dat nämmlecht gëllt fir déi gréng. „All Cent vun neien Investissementer misst an nohalteg, erneierbar Energië goen an net an d‘Atomkraaft, déi weiderhin ze deier, an net sécher ass, an dozou problematesch Offäll produzéiert“, sou d‘Tilly Metz

D’Europäesch Vollekspartei, zu där d’Lëtzebuerger CSV gehéiert, schwätzt sech an engem Brouillon vun hirem Manifest zu den Europawalen explizit fir eng technologie-neutral Approche aus. “Mir wëllen Europa als ee Centre de Recherche fir innovativ Nuklear-Technologië promovéieren”, heescht et an deem virleefegen Text, deen eis virläit.

LSAP a Gréng weider géint Atomkraaft, CSV nuancéiert

D’CSV wier weider géint d’Kernspaltung, seet dozou d’Isabel Wiseler. Dat nämmlecht gëllt awer net onbedéngt fir d’Kernfusioun. Do wéisst een nach net, ob déi sech net kéint zu enger propperer Energie entwéckelen, sou d‘Europadeputéiert.

„Ech weess net, ob mir eis sollen total der Kernfusioun spären, wat d'Recherche ubelaangt.“

Lëtzebuerg huet dofir gestëmmt

Lëtzebuerg hat sech wärend de Verhandlungen iwwert d‘Gesetz dogéint gestäipt, datt d‘Atomkraaft op d‘Lëscht vun de klimaneutralen Technologië kënnt. De Grand-Duché huet awer dee leschte Freideg, wéi d‘Ambassadeuren aus de Memberlänner ofgestëmmt hunn, genee ewéi Däitschland an Éisträich Jo zum Gesetz gesot. Et hätt een net wëlle wéinst dem Nucléaire dee ganzen Text ophalen, huet et aus Lëtzebuerger Kreesser geheescht.

Fir datt d’Gesetz a Kraaft trëtt, muss och nach d’Europaparlament et definitiv guttheeschen. Nom Vott en Donneschdeg an der Industriekommissioun vum Parlament ass et dann un der Plenière ofzestëmmen. 

Lauschterenplay_arrow


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

Aktualitéit
Europa
Nohaltegkeet
Ëmwelt