Radioen

On air

Palatino FM  |  Palatino FM

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Chambre de Commerce fuerdert Kierzunge bei den Ausgabe vum Staat

Staatsbudget

D'Chambre de Commerce fuerdert Kierzunge bei den Ausgabe vum Staat

D’Chambre de Commerce warnt virun ze vill positive Perspektive wat de Budgetsprojet 2024 ugeet. Dee géif op ee Wuesstem vum PIB vun zwee Prozent setzen, dat obwuel Lëtzebuerg an enger Wuesstumspann géif stiechen. Virun allem bei den Depensë misst gespuert ginn, sou nach d'Chambre de Commerce.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Et wier zimmlech optimistesch vun enger Wuesstumsprognose vun zwee Prozent vum PIB aus ze goen, sou den Direkter vun der Chambre de Commerce Carlo Thelen. D’Entreprisë géifen dobäi eng kruzial Roll spille wat de Finanzement vum Staat ugeet.

D‘Rentabilitéit an d‘Produktivitéit vun de Betriber wier d‘Basis vun der wirtschaftlecher Performance an domat och Basis vun de Steierrecetten.

Elo un den néidege Stellschrauwen dréinen

Besonnesch geféierlech wier de Schéiereffekt, dee sech tëscht wuessenden Depensë vum Zentralstaat an den Recettë weist. Doduercher géif d’Staatsschold klammen an den néidege Spillraum fir Investissementer verluer goen. Dobäi misste grad elo och déi digital an d’Ëmwelttransitioun begleet ginn an de Sozialmodell misst weider finanzéiert ginn. Dofir misst een elo un den néidege Stellschrauwen dréinen, sou de Carlo Thelen.

Reforme vum Pensiouns- a vun der Gesondheetsofsécherung wiere noutwendeg fir d’Dépensë beim Staat ze kierzen, mee och d’Personalkäschte beim Staat wieren ze héich. Hei misst een d‘Digitaliséierung als Chance gesinn an et misst een analyséieren, ob all Pensiounsofgang beim Staat nach misst virun ersat ginn.

De Staat misst Personal aspueren

Bäi aneren Administratioune misst een duerch eng Vereinfachung, duerch den Ofbau vu Prozeduren a Prozesser och eventuell Leit aspueren.

Ëmmerhi gesäit ee bei der Chambre de Commerce positiv Usätz bei der aktueller Koalitioun, notamment well probéiert gëtt, de Schéiereffet ze stoppen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Wirtschaft