Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D’Bankenassociatioun ABBL weist sech erstaunt iwwer déi rezent Versich Geldautomaten ze sprengen

Héich Secherheetsmesuren bei Geldautomaten

D’Bankenassociatioun ABBL weist sech erstaunt iwwer déi rezent Versich Geldautomaten ze sprengen

No de Sprengungen vun 2018 an 2020 wieren d’Sécherheetsmesuren därmoosse verstäerkt gi wieren, datt ee bei sou enger Sprengung quasi guer net méi u Sue komme kann, seet de Jerry Grbic, Generaldirekter vun der ABBL.

auto_stories

1 min

Foto: Archiv

Ënnert anerem géif et stole Riddoen ginn an och e Minimum u Schäiner an den Automaten, déi net sou oft benotzt ginn.

Sollte Krimineller dann awer iergendwéi un de Safe mat de Sue kommen, gëtt eng Tënt gesprëtzt, déi all d ‘Schäiner onbrauchbar mécht. Dat wichtegst wier awer, dass bei esou Aktioune keng Leit géifen zu Schued kommen - dofir ginn esou Automaten och strategesch éischter esou placéiert, wou kee wunnt, sou nach de Jerry Grbic. Am Laf vun dëser Woch gouf e puer mol probéiert ee Geldautomat ze sprengen, fir d'Lescht zu Sëll – dat awer ouni Succès.