Dobäi ginn et awer gréisser Ënnerscheeder jee no Typ vu Wunneng. Bei de Präisser fir al Haiser war et am 2. Trimester eng Baisse vun 13,5 Prozent op ee Joer gekuckt. Al Appartementer si véier an en hallwe Prozent méi bëlleg ginn. Déi nei geplangten Appartementer sinn dogéint ëm ronn zwee Prozent méi deier ginn. Wat et domat op sech huet, erkläert ee vun den Auteure vum Rapport, de Julien Licheron vum Observatoire de l‘habitat."
"Il semble que les acteurs sur ce marché décident plutôt d'attendre pour l'instant, avant d'envisager une baisse de leurs marges et donc des prix de vente."
Manner Aktivitéit am Beräich vum Bauterrain
D’Aktivitéit um Wunnengsmaart huet, wéi schonn zanter dräi Trimesteren, weider ofgeholl an dat besonnesch staark am Beräich vun der Vente vun Appartementer, déi amgaang si gebaut ze ginn. Do gouf et op ee Joer gekuckt eng Baisse vu ronn 63 Prozent. Mee och bei den Haiser war et nach e Minus vu knapp 47 Prozent.
Vill manner Aktivitéit gouf et och am Beräich vun de Bauterrainen: Hei sinn d‘Venten ëm 15 Prozent erof gaangen, och d‘Präisentwécklung gouf däitlech ofgebremst.
Eng gréisser Baisse kéint nach bevirstoen
Grad wéi d’Loyeren: No enger Rei vun Trimestere mat enger staarker Hausse stagnéieren, déi elo bei plus 0,2 Prozent. Dee Chiffer misst een awer virsiichteg interpretéieren, betount de Julien Licheron. Op ee Joer gekuckt wieren d‘Loyeren trotzdeem ëm 6,7 Prozent geklommen.
"Ce dont j'ai peur, c'est que c'est peut-être une espèce de contrecoup d'une très forte hausse qu'on avait eue le trimestre passé – et il y aussi des effets saisonniers sur ce marché-là. Mais je pense que les fondamentaux sont toujours là, on a toujours le risque d'une assez forte augmentation de loyer. Évidemment la contrainte qu'on peut aussi voir apparaître c'est les niveaux de revenu des locataires qui ne sont pas infinis et qui font qu'il y a une contrainte sur les augmentations de loyer qui ne peut pas dépasser les contraintes supportables pour les locataires."
Onsécher Aussiichten also, déi generell fir de ganze Secteur weiderhi gëllen. Duerch d‘Hausse vum Leetzëns op säin aktuellen Taux vu 4,5 Prozent hätten d‘Stéit ëm 25 Prozent vun hirer Kafkraaft verluer am Verglach mat der Zäit vun den nidderegen Tauxen.
De Julien Licheron rechent domat, datt d‘Präisser nach e puer Trimestere weider wäerte falen, an datt och bei den nei geplangten Appartementer an den nächste Méint eng gréisser Baisse bevirsteet.