Radioen

On air

Notturno  |  Wild Beasts - A Simple Beautiful Truth

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ D’Aarbecht vun der Chamber soll an Zukunft méi transparent a méi effikass ginn

Demokratie

D’Aarbecht vun der Chamber soll an Zukunft méi transparent a méi effikass ginn

D’Aarbecht vun der Chamber soll an Zukunft méi transparent an och méi effizient ginn. Dat waren d’ Schwéierpunkten an der Neijoerschried vum Chamberspresident Claude Wiseler. Sou solle Parlamentssëtzungen an Zukunft net méi just Mëttes mee och Moies kënnen ofgehale ginn.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Flickr Chambre des Députés

Am Verglach vu virun zwanzeg Joer, géife vill méi parlamentaresch Froen a Gesetzesprojeten agereecht an diskutéiert ginn - d’Unzuel dovun hätt sech méi wéi verduebelt, esou den Chamberpresident Claude Wiseler. Fir déi all an engem adequaten Zäitraum ofzehandele soll den Agenda vun der Chamber ugepasst ginn, seet de Claude Wiseler.

Vu Januar u soll d‘Chamber Mëttwochs an Donneschdegs moies a mëttes tagen.

"An dat erlaabt eis natierlech méi Sëtzungen ze hunn, méi Raum ze hunn, fir Debatten an der Chamber. An et erlaabt eis awer och an där anerer Säit d' Woche, wou d'Pleniüressëtzunge sinn, ze reduzéieren, also méi Espace ze maache fir Kommissiounssëtzungen."

Jonker solle méi sensibiliséiert ginn

Fir méi Transparenz ze suerge soll ee Visiteurszenter um Krautmaart agefouert ginn, wou d’Bierger - besonnesch déi jonk - sech iwwer d’Aarbecht an d’Aufgab vun der Chamber bei der Ëmsetzung vu Gesetzer informéiere kënnen. Neiste Sondagen op Bezuch vum Interessi vu Jonke fir d’Politik an d’Chamber ginn dem Claude Wiseler nämlech ze denken.

"Wat mech awer am meeschten inquietéiert, dat ass eng Fro, déi gestallt ginn ass, ob d'Demokratie nach déi bescht Regierungsform ass. An do hunn déi jonk Leit, déi geäntwert hunn, zwëschen 18 a 24 Joer der 65 Prozent mat Jo geäntwert. Et kann een och soen ‚dat ass vill‘. Ech soe mer op där anerer Säit 35 Prozent hunn awer net mat Jo geäntwert. Déi hunn net onbedéngt mat Nee geäntwert, do hunn der vill gesot, ech weess et net oder net drop geäntwert."

Deene Sondagen no, déi offiziell eréischt d’nächst Woch presentéiert solle ginn, wieren zwar 60% vun deene Jonken un der Politik u sech interesséiert, mee just 40 Prozent un der Aarbecht vun der Chamber. De Claude Wiseler gesäit dat als Signal fir d’Politik, de Bierger ze weisen, datt ee Si an hir Interessien an der Chamber géif vertrieden.

Cour des Comptes soll Chamber a Fraktioune kontrolléieren

Wat och nach fir méi Transparenz suerge soll, ass datt e Contrôle vun der Cour de Comptes fir d’Chamber a fir déi eenzel Fraktiounen agefouert gëtt, sou nach de Claude Wiseler.

Lauschterenplay_arrow