D'ASTI fuerdert, datt dat och zu Lëtzebuerg gemaach gëtt. Och hei géifen Dausende vu Mënsche liewen a schaffen, déi keng Pabeieren hunn an domat och keng Rechter, kee Schutz a keng Perspektiven.
Déi lescht aussergewéinlech Regulariséierung war 2013, also virun 13 Joer. Deemools ware 540 Persoune regulariséiert ginn. D'ASTI appelléiert un de politesche Courage: ouni Regularisatioun wier d'Reform vum Immigratiounsgesetz, dat jo um Instanzewee ass, net komplett a virun allem, vu Grond op ongerecht.