Radioen

On air

Moiesstudio  |  Leon Bridges - Panther City

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Liewen an der Unisec

Exklusiv

D'Liewen an der Unisec

Déi lescht Joren ass d'Unisec e puermol an d'Kritik geroden. An deene leschte Méint hätt sech awer ganz vill gedoen, seet den Direkter vum sozioedukativen Zenter vun Dräibuer, de Ralph Schroeder. Wéi gëtt an der Unisec geschafft, a wéi ass et als Jonken do agespaart ze sinn? Mir waren eis et ukucken.

auto_stories

5 min

headphones

6 min

play_arrow
Vill Graffitien dekoréieren den Interieur vun der Unisec. (Foto: Ana Angel)

E Rapport vum Europarot hat der Unisec viru ronn engem Joer eng schlecht Nott ginn. Ënner anerem dofir, datt net genuch Aktivitéite géife fir déi Jonk organiséiert ginn, oder nach, datt d’Gebai een ze strengen Androck géif maachen. Vill hätt sech mëttlerweil awer geännert, esou den Direkter Ralph Schroeder.

Den Ënnerscheet bausse-bannen

Datt d'Unisec ënner de Jugendschutz fält, an deemno keng strofrechtlech Mesure ass, géif een net mengen, wann ee bausse virum Gebai steet. Héich Duebel-Sécherheetsdieren trennen d'Anstalt vun deenen anere Gebailechkeeten zu Dräibuer.

E Schratt eragemaach, gëllt de selwechten Androck net méi: Op de strengen, groe Betongswänn hänke grouss, faarweg Biller, selwer vun deene Jonke gemoolt. E risege Léiwekapp präägt den Entréesberäich. Graffitien iwwerall wou ee kuckt, vu groussen Idoler: Iwwer de Michael Jordan bis zum Tupac Shakur.

De Paradox vum Agespaart sinn

Een, deen zu Dräibuer setzt, ass de Max (fir seng Anonymitéit ze garantéieren hu mir säin Numm geännert).

"Ech stinn halt op, drénken e Kaffi, fëmme meng éischt Zigarett, an dann hänkt dovun of, ech ka maache wat ech well, Sport, oder ech kann a mengem Grupp setzen a Musek lauschteren."

Mat momentan 10 anere Jonke sëtzt de Max an der zouener Anstalt zu Dräibuer.

Erausgoen dierfe si all net. Datt déi Jonk agespaart sinn, wier och zu hirem eegene Schutz, erkläert d’Elisa Arenai, d’Co-Coordinatrice vun den am Ganzen 23 Educateuren an Educatricen, déi an der Unisec schaffen.

"Enfermement ka paradoxerweis awer och vill Sécherheet ginn, dat sinn och speziell Profiller déi mir hunn, déi ganz vill matgemaach hunn, an de Fait, dat do, 'ça a un aspect contenant', dat Zouent."

Um zweete Stack vun der Unisec hunn déi Jonk hir Wunnraim. 4 ginn et der am Ganzen, mat jeeweils enger gemeinsamer Stuff an 3 eegene Kummeren. Um selwechte Stack sinn och déi zwee Klassesäll. Ausserhalb vun der Summervakanz gëtt hei Schoul gehalen.

E weidere Graffiti op enger Mauer. | © Ana Angel
E weidere Graffiti op enger Mauer. (Foto: Ana Angel)

Musek als Therapie

De lénken Eck vun engem Klassesall ass mat schallisoléiertem Material ofgepecht. Déi Jonk kënnen do hir eege Musek ophuelen.

"4 Stonnen an der Woch kann ech hei an deem Raum Musek maachen, also selwer schreiwen an ophuelen, an dat ass dat, wou ech mech am meeschten drop freeën."

Och seng Museksvideoe kann hien hei schneiden. Dofir ass de Service National de la Jeunesse viru Kuerzem eng Formatioun hale komm. D'Elisa erkläert, si géife méi dacks mat Organisatiounen zesumme schaffen, déi an d’Unisec kommen, fir mat deene Jonken nei Saachen ze léieren.

"Si hate Stativ a Luuchten dobäi, an dono hunn ech och um iPad geschnidden, de Video geschnidden, an Effekter drop gemaach a sou weider."

Musek hëlleft him mat senge Gefiller ëmzegoen, erkläert de Max.

"Einfach meng Gedanken, en gros sou alles am Fong."

Säi Bléck geet no ënnen. Vill doriwwer schwätze wëllt hien net, mee wann et ëm seng eege Musek geet, da blitt de Max op.

"Ech drécken dann hei op Record, an da lafen ech dohinner, an dann erëm zeréck, drécke Paus, wann net gutt ass, dann erëm läschen, Record, erëm zeréck."

"Si sou huelen, wéi si sinn"

D’Elisa Arenai betount, datt zu Dräibuer kee jugéiert gëtt. 

"Ech héieren ëmmer rëm vu Leit, déi mengen, wann een e Jonken sou akzeptéiert, wéi en ass, da si mir an der Kuschelpädagogik, mee dat ass absolut net dat. Eis geet et drëm, dass wa mir hinne genuch mat op de Wee ginn, wa si dobausse sinn, a mir sinn net méi do, einfach Outilen ze hu fir eens ze ginn, fir verschidde Saachen ze evitéieren, fir verschidde Saachen anescht ze maachen, besser ze maachen."

All Jonken, deen ukënnt, kritt e Fërderprogramm op seng Besoinen ausgeschafft. Dee muss no 6 Wochen dem zoustännege Riichter virgeluecht ginn. Dora stinn dem Jonke seng perséinlech Ziler a seng Entwécklung. Zesumme mat den Educateure gëtt dee Programm vun engem Psycholog ausgeschafft. Deen ass och zoustänneg fir de Kontakt mat den Elteren, erkläert den Direkter, Ralph Schroeder.

"Dat leeft iwwer Gespréicher tëscht dem Jonken an dem Psycholog. An et ass jo evident, si maache Problemer, mee ier si Problemer maachen hu si scho Problemer. An doru muss och geschafft ginn. Ee wichtege Volet do ass de Familljekontext."

Heem goen ass d'Zil

All Dag dierfen déi Jonk Minimum 30 Minutte mat der Famill telefonéieren, an eemol d'Woch dierf d'Famill och op Besuch kommen. Dat schénge fir de Max déi besonnesch wichteg Momenter ze sinn. Him schéngt bewosst, datt hie säi Verhalen ännere muss, fir erauszekommen. 

D'Zil ass et, erauszekommen. an och net méi eranzekommen, seet de Max mat engem Laachen. 

D'Unisec hätt och mëttlerweil Personal, wat déi Jonk an hir Famillen och no hirer Entloossung aus der Unisec betreit, esou nach den Direkter Ralph Schroeder. 

Lauschterenplay_arrow