Radioen

On air

Moiesstudio  |  Thee Sacred Souls - Running Away

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Cyberattack beim LCGB

National

Cyberattack beim LCGB

Den LCGB gouf Affer vun enger Cyberattack. Wéi de chrëschtleche Gewerkschaftsbond matgedeelt huet, wier säin informatesche System de leschte Samschdeg ugegraff ginn. 

auto_stories

1 min

© Bigstock / kentoh
(Foto: Bigstock / kentoh)

Eng Krisenzell hätt sech direkt mam Virfall beschäftegt a schonn e Sonndeg wier nees alles gelaf. Déi éischt Analysen hätten eng kleng Datefirmae confirméiert, allerdéngs wiere keng perséinlech Donnéeë vu Mataarbechter oder Membere kopéiert ginn, betount den LCGB. Weider Analyse wieren nach amgaang. D‘Gewerkschaft wëllt eng Plainte bei der Police maachen.