Hannergrond ass e Reportage vum radio 100,7 vu virun engem Mount, fir deen en Interview mat engem Streetworker virgesi war. Um Enn war d’DP-Schäffe Corinne Cahen beim Interview dobäi, ouni datt mir si ugefrot haten.
Déi gréng wollten am Gemengerot Erklärungen dozou kréien. D’Corinne Cahen huet op hire Kommunikatiounsservice verwisen. Deen hätt entscheet, datt bei politesche Froen och sollte Politiker dobäi sinn.
“Ech imposéiere mech iwwerhaapt net. Wa politesch Froe sinn, sinn ech gäre bereet, se ze beäntweren. Wa meng Meenung gefrot gëtt, da soen ech déi och ganz gären. Ech hunn och an deem Raum lo keng schlecht Stëmmung gespuert, wéi gesot, dat ass awer subjektiv an dofir hunn ech dem Kommunikatiounsservice gesot, an Zukunft géing ech da just nach kommen, wann d'Journalisten dat explizitt froen.”