Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Coque: Groussen Deel vun den Energiespuermesurë gouf gestoppt

Energiespuere bleift een Theema

Coque: Groussen Deel vun den Energiespuermesurë gouf gestoppt

An der Coque um Kierchbierg gouf ee groussen Deel vun den Energiespuermesurë gestoppt. De Client vum "Centre national sportif et culturel" hätt elo erëm déi selwecht Servicer, wéi virun der Energiekris, esou de Generaldirekter Christian Jung. Trotzdeem géif d’Energiespuere beim Etablissement public een Theema bleiwen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Coque | © picture alliance / Hauke-Christian Dittrich play_arrow
Coque (Foto: picture alliance / Hauke-Christian Dittrich)

Bannent dem leschte Joer wier et gelongen, Energie an der Coque ze spueren, esou de Generaldirekter. Iwwer aacht Prozent manner Stroum gouf tëschent Enn 2022 an Enn 2023 verbraucht. Beim Hëtzen am gréisste Sportkomplex am Land gouf eng Aspuerung vu ronn néng Prozent erreecht, esou de Christian Jung.

"Efficace ass natierlech eng Reduktioun vun den Temperaturen an de Bassengen, well dat einfach extrem grouss Waassermasse sinn, déi musse gehëtzt ginn. An awer och natierlech d’Upassung – déi mir deelweis gemaach haten – souguer vun den Ouvertureszäiten, wou mir déi ganz Sauna méi spéit opgemaach hunn, dat heescht déi ganz Saunakabinne réischt méi spéit gestart hunn."

Zil bleift et, "alles ze optimiséieren"

Enn November gouf an der Coque decidéiert, fir d’Moossnamen zum groussen Deel zeréck ze fueren, fir de Clienten erëm 100 Prozent vun de Servicer kënnen unzebidden. Trotzdeem soll weider manner Energie verbraucht ginn.

"Natierlech hu mir awer och do festgehalen, datt mir nach ëmmer deen Hannergedanken hunn, fir alles ze optimiséieren."

Paradox wier awer, datt trotz dem manner héije Verbrauch un Energie an der Coque d’Energiekäschten explodéiert wieren, bedauert de Generaldirekter.

"Wann ech just ee Beispill huelen: de Chauffage urbain, iwwer néng Prozent a Kilowattstonne gespuert, an awer 42 Prozent méi Käschten."

Beim Stroum huet d’Coque ee Vertrag mat engem fixe Präis iwwer e puer Joer ofgeschloss, sou datt een an dësem Beräich vill manner vu méi héije Präisser betraff wier.

Lauschterenplay_arrow