Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Constructioun: Präisser klamme manner séier

STATEC

Constructioun: Präisser klamme manner séier

D‘Präisser an der Constructioun klamme manner séier. Wéi de Statec matdeelt gouf et an de sechs Méint vun Abrëll bis Oktober 2023 déi schwächste Progressioun bei de Baupräisser zanter Oktober 2020. De Präisindex am Wunnengsbau ass just ëm 1,2 Prozent geklommen, d‘Semester virdru war et nach eng Hausse vun iwwer 5 Prozent.

auto_stories

1 min

Dat wier bedéngt duerch eng schwaach Demande awer och Materialkäschten, déi zeréckgaange sinn. Op ee Joer gekuckt leien d‘Construktiounspräisser awer nach ëmmer bal 6,5 Prozent méi héich.

De Statec huet d‘Evolutioun vun de Präisser am Bau vun 2010 bis 2023 ënnersicht a kënnt zur Konklusioun, datt et d‘lescht Semester eng gewësse Stabilitéit gouf. Tëschent Oktober 2020 an Abrëll 2023 gouf et déi gréisste Präishaussen am Bau, bei de Gros-oeuvren: an zwar eng Hausse vun iwwer 33 Prozent.