2024 soll d’Joer vum Ëmsetze vun de politesche Versprieche ginn an d’Chamber soll d’Haus vun der Demokratie sinn, esou de Claude Wiseler a senger Ried.
Well et och hei am Land manner Vertrauen an d’Politik géif ginn, wier et déi “dréngend Flicht” dëst Vertrauen erëm ze gewannen. Dobäi wier et wichteg mam eegene Behuelen a mat Respekt an der Chamber z’iwwerzeegen. An et wier wichteg, d’Debatten, also och d’Riedezäiten, ze reorganiséieren, fir nogelauschtert ze kréien, huet de Claude Wiseler widderholl. Dës Chantiere sollen dëst Joer ugaange ginn.
Den CSV-Politiker Claude Wiseler ass zanter dem 21. November President vun der Chamber. Dës Chamber beschäftegt an Tëschenzäit 162 Leit Personal, esou gëschter op der Neijooschreceptioun de Generalsekretär Laurent Scheeck. De Budget vun der Chamber fir 2024 léich iwwregens ënnert deem vun 2023, huet hien och betount.