Radioen

On air

Al Schanken  |  Marianne Faithfull - Sister Morphine (Live)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Circuit Foil Luxembourg: bal 30 Aarbechtsplaze sollen ofgebaut ginn

Communiqué

Circuit Foil Luxembourg: bal 30 Aarbechtsplaze sollen ofgebaut ginn

Bei der Entreprise Circuit Foil Luxembourg zu Wolz solle bal 30 Aarbechtsplazen ofgebaut ginn, déi meescht dovun am administrativen an technesche Beräich, dat deelt d‘Firma an engem Communiqué mat.

auto_stories

1 min

D‘Consultatioune mat der Personaldelegatioun en vue vun engem Sozialplang fir déi Betraffen hätten haut ugefaangen. De Sozialplang wier noutwenneg fir d‘Aktivitéite vun der Firma zu Lëtzebuerg nach kënnen ze erhalen.

 

Circuit Foil produzéiert virun allem Kabelen aus Koffer. Zanter 2022 hätt d‘Firma substantielle Perte gemaach, an déi negativ Tendenz wieren och am drëtten Trimester dëst Joer weider gaangen. D‘Grënn dofir wieren ënner anerem eng manner héich Demande fir 5G-Reseau-Kabelen, Konkurrenz aus Asien, an héich Produktiouns-Käschte wéinst den Energiepräisser.