76 Prozent vum Stéckstoff, deen an d’Waasser geréit, kënnt aus der Landwirtschaft, an der Haaptsaach duerch Piff an Dünger, heescht et am neie Rapport. Et geséich een, datt d’Nitratwäerter d’selwecht schlecht géife bleiwen, seet dozou de Christian Hahn.
Duerch d‘Oplagen an de leschte Joerzéngten hätt d‘Situatioun sech net verbessert, seet de President vun der Landwirtschaftskammer, obwuel d‘Technike fir d‘Ausbrénge vum Dünger sech geännert hätten.
Eng ze héich Nitratbelaaschtung am Grondwaasser mécht d’Drénkwaasser ongenéissbar. Am Uewerflächewaasser féiert d’Belaaschtung ënner anerem zu Sauerstoffmangel.
Spärfrist kéint kontraproduktiv sinn
De President vun der Landwirtschaftskammer weist an deem Kontext drop hin, datt eng Spärfrist am Wanter – also eng Zäit an där kee Piff op d’Wisen a Felder däerf bruecht ginn – och zu Problemer kéint féieren.
„Dat heescht, datt och d’Gefor ass, datt direkt ëmmer no deem Datum relativ vill matenee gedüngt gëtt.“
Eng aner Erklärung, firwat d’Nitratwäerter net besser gi sinn, wieren déi vill dréche Joren.
Nitratvirschrëfte solle geännert ginn
Um éischte Landwirtschaftsdësch am Mäerz war ofgemaach ginn, datt d’Nitratvirschrëften op Basis vum neien Nitratbericht fir d’Joren 2020 bis 2023 sollen iwwerschafft ginn. Den Nitratbericht war virun engem Mount zur Conclusioun komm, datt d’Nitratbelaaschtunge vun de Flëss a vum Grondwaasser hei am Land ze héich bleiwen.