Fir dräi speziell Zorte vum Mineral ginn elo Export-Autorisatioune gefrot. Graphit gëtt fir Akkuen an Elektro-Autoen, mee och an der Stolindustrie gebraucht.
Observateuren no reagéiert China domadder op amerikanesch Sanktiounen am Technologie-Beräich. Washington hat rezent den Export vu Mikrochippe fir kënschtlech Intelligenz limitéiert.