Zanter ronn zwou Wochen ass de Lo Shangfu net méi an der Ëffentlechkeet opgetrueden. Dem Wall Street Journal no wier de Politiker lescht Woch verhéiert ginn.
An der Financial Times steet, datt géint de 65 Järegen enquêtéiert géif ginn. Scho viru Woche war de chineeseschen Ausseminister entlooss ginn. Och hei goufe keng Grënn genannt.