D‘Gewerkschaft wier souzesoen a leschter Minutt ausgeluede ginn, sou den Alain Rolling vum OGBL. Hie weist kee Versteesdemech dofir, datt grad déi Gewerkschaft déi majoritär an der Gemeng vertrueden ass net soll ënnerschreiwen.
D‘FGFC géif kee blockéieren, seet den FGFC-Präsident Claude Reuter.
"Wéi géift Dir mat sou engem zesummeschaffen"
Et wieren Aussoe vu verschiddene Gewerkschafte géint d‘FGFC gemaach ginn déi inacceptabel wieren argumentéiert hien
"Um nationalen Niveau an och am Secteur (…) déi Äusserunge si gesot ginn. An ech wëll se net nach eng Kéier soen, well ech fanne se scho grenzwäerteg, dann erkläert Dir mir, wéi Dir da géift mat engem esou zesummeschaffen, deen dat vun Iech an Äre Leit seet."
Zweet Charta soll mat OGBL ënnerschriwwe ginn
Den Diddelenger Buergermeeschter Dan Biancalana huet erkläert et géif een eng zweet Charta mam OGBL ënnerschreiwen. Gespréicher an dem Sënn hätt ee scho gefouert.
Hannergrond sinn d‘Kriticke vum OGBL a besonnesch dem LCGB un de Gewerkschaften déi d‘Fonction publique vertrieden. Béid Gewerkschafte verlaange bei de Salairesverhandlungen an der Fonction publique mat um Dësch ze sëtzen, CGFP an FGFC sinn awer strikt dogéint.