arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No Entloossung fänkt Mataarbechter erëm u mat schaffen

Gemeng Conter

|
headphones

1 min

No Entloossung fänkt Mataarbechter erëm u mat schaffen

E Mataarbechter vun der Conter Gemeng, deen am Dezember entlooss gi war, fänkt 100,7-Informatiounen no do nees u mat schaffen.

headphones

1 min

D'Gemengenhaus zu Conter
D'Gemengenhaus zu Conter

De Mataarbechter kritt eisen Informatiounen no eng nei Fonctioun, als Chef vum Magasinn. 

Viru knapp dräi Méint war dem Mann seng Entloossung vun der Cour d’Appel an der Stad fir ongülteg erkläert ginn: Dat Urteel ass zënter dëser Woch rechtskräfteg.

Zu Conter gëtt et zënter Méint Diskussiounen iwwer d’Aarbechtsklima an d’Personalgestioun vun der Gemeng.

Politesche Sträit

Den aktuelle Schäfferot vun CSV an LSAP ass an der Suite dovun zerstridden. Mëtt Juli hat d’LSAP-Schäffin Stéphanie Ansay hir Demissioun agereecht.

Wéi mir een Dënschdeg gemellt haten, leeft et den Ament zu Conter op eng Dräierkoalitioun vun DP, LSAP an déi gréng eraus.

Beim Vott vum Gemengebudget am Dezember, kéint de Broch vun der aktueller Koalitioun aktéiert ginn.

Blo, Rout a Gréng wëlle sech deemnächst fir méi konkret Gespréicher gesinn.