D‘Charte ënnerstëtzt allgemeng e méi respektvollen an nohaltege Sozialdialog. Dat am Interêt vun der Qualitéit vum Service um Bierger.
Déi Haaptprinzippië si Chancëgläichheet, Unerkenne vun der Roll vun der Personaldelegatiounen an d‘Ausschaffe vun engem Règlement d‘ordre intérieur.
OGBL gouf aus dem Spill geholl
Alles Punkten, déi een als OGBL - deen an der Gemeng esouwuel bei de Beamten, wéi och bei den Aarbechter majoritär vertrueden ass - och mat ënnerschriwwen hätt, esou den Alain Rolling vum OGBL. Mee dozou koum et net.
"Mir sinn extreem enttäuscht iwwer déi Situatioun, dass mir net solle mat dierfen déi Charte ënnerschreiwen, well mir si vun Ufank un do awer mat agebonne gi vun enger FGFC an enger Stad Diddeleng."
Och si hätte sollen d'Charte matdroen an dat hätt een och gewollt, esou den Alain Rolling.
"Aus iergendwelleche Grënn dierfe mir elo am Fong net méi matmaachen. Mir si wierklech aus dem Spill geholl ginn."
Et wier e politesch motivéierten Ausschloss, esou den OGBL an engem Communiqué.
D‘Decisioun wier just eng Reaktioun dorop, datt den OGBL fuerdert, bei de Gehälterverhandlungen an der Fonction publique derbäi ze sinn. Kriticken, déi den FGFC President Claude Reuter awer zeréckweist.
Nationalen a lokale Konflikt tëschent béide Gewerkschaften
Et wier an der Lescht ëmmer nees Secteur-Bashing bedriwwe ginn, huet den FGFC-President Claude Reuter bei der Signatur vun der Charta erkläert.
Mat den Aussoen, déi vu Säite vu verschiddene Gewerkschafte vis-à-vis vun der Fonction publique gemaach gi wieren, wier et elo schwéier zesummen eppes ze ënnerschreiwen. Mee d'FGFC géif kee blockéieren, esou de Claude Reuter.
"Mir waren Demandeur, datt den OGBL hei mat sollt ënnerschreiwen. Wann awer um nationalen Niveau an och am Secteur gesot gëtt, déi Äusserungen, déi repetitiv - ech wëll se net eng Kéier soen, well ech fanne se scho grenzwäerteg - gesot ginn, dann erkläert Dir mir, wéi Dir da géift mat engem esou zesummeschaffen, deen dat vun Iech an Äre Leit seet."
Den OGBL kritiséiert awer och d‘Gemeng Diddeleng an domat hiren LSAP-Buergermeeschter Dan Biancalana, deen dëse Schrëtt géif matdroen, obwuel hien d‘Majoritéitsverhältnisser vun de Gewerkschaften an der Gemeng géif kennen.
Eng eege Charta fir den OGBL
Mat enger separater Charta wëllt een elo béid Säiten zefridde stellen, esou den Diddelenger Buergermeeschter.
"An do ass et fir eis och kloer, datt och den OGBL seng Plaz huet, datt mir do och eng Zesummenaarbecht ustriewen. Mir hunn d'ailleurs schonn eng Zesummenaarbecht mam OGBL an déi ass och gutt. An datt mir och do en änlechen Accord mat enger identescher Ausriichtung wäerte kënnen aschloen."
Vun OGBL-Säit huet et an der Suite vun dëser Ukënnegung dann och geheescht, datt ee mat dëser Léisung kéint liewen. Och wann ee léiwer gesinn hätt, datt d‘Charta zu dräi ënnerschriwwe gi wier.