Ëmmer méi landwirtschaftlech Betriber hei am Land stierwen aus. Virun allem déi kleng a mëttelgrouss Betriber verschwannen. Zejoert goufen et nach eng 1.800 Bauerenhäff zu Lëtzebuerg. Ronn 900 manner, wéi nach viru 25 Joer.
D'Baueren hale fräiwëlleg op oder, well si keen Nofollger fannen. Et ass och en haarden Job ouni Weekender, Feierdeeg oder gréisser Vakanzen, bei éischter manner gudder Bezuelung.
Et ginn awer nach Leit, déi sech där Erausfuerderung wëlle stellen. De Meyers-Haff vum Wandhaff huet beispillsweis en Nofollger gesicht an och ee fonnt.
Wat muss e Successeur u Qualifikatioun matbréngen?
D'Sylvie Meyers-Weis bedreift zesumme mat hirem Mann de Meyers-Haff. De Familljebetrib besteet schonn an der 6. Generatioun, an dat zënter 1835. Elo hu si awer de Choix geholl, fir opzehalen, wéi d’Sylvie Meyers-Weis am 100,7-Interview verréit.
"Et ass awer och esou, datt een am Alter einfach manner Energie zur Verfügung huet, an dofir de Bauerenhaff awer net manner Energie freet. An dofir war et fir mäi Mann a fir mech elo un der Zäit ze kucken, ob mir den Haff kënne weiderginn, wat e ganz grousst Uleies vun eis war."
E Successeur fannen: Dat kléngt méi einfach, wéi et tatsächlech ass, betount d’Sylvie Meyers-Weis. Op hirem Internetsite hätt een ufanks eng Annonce geschalt. Op deem Wee hätt een awer net de Richtege fonnt, “well sech virstellen, den Haff ze iwwerhuelen, an et herno schlussendlech ze maachen, dat sinn nach zwou verschidde Welten.”
Dobäi kënnt, datt et eng ganz Rëtsch Krittäre ginn, déi mussen erfëllt ginn. Legal gesi muss een entweeder e Masterofschloss an engem Fach hunn, dat eppes mat der Landwirtschaft ze dinn huet, oder zwee Joer Erfarung an engem landwirtschaftleche Betrib.
"Firwat soll ech dann net maachen?"
Wat der Famill Meyers-Weis am Ufank net kloer war: Den Nofollger war déi ganzen Zäit scho present um Haff, nämlech den Dylan Vieira Da Silva. Hien ass schonn zënter 5 Joer mat der Sylvie Meyers-Weis hirer Duechter zesummen, an huet wärend de Vakanzen och schonn um Haff matgehollef. Vu Beruff ass hien awer Affekot. Zwou komplett verschidde Welten also. An awer huet den Dylan Vieira Da Silva sech dozou entschloss, de Büro duerch de Stall ze tauschen.
"Ech war och deelweis bei deenen Interviewen derbäi, fir een Nofollger ze fannen, fir do matzeschwätzen oder fir och eng Meenung kënnen ze ginn. An ech mengen, mir hunn all gemierkt, datt do einfach net dee richtege Kandidat derbäi war."
A sengem Beruff als Affekot wier u sech alles gutt gelaf, seet den Dylan Vieira Da Silva am 100,7-Interview. Mee hien huet d’Opportunitéit erkannt a sech gesot: "Firwat soll ech dann net maachen?" Datt hie jee e Bauerebetrib géing iwwerhuelen, hätt hien net geduecht.
"Eech si Portugis. Meng Eltere sinn agewandert. Ech hunn nom Lycée Droit gemaach an nom Studium ugefaangen, ze schaffen."
Vum Know-how profitéieren
Droit huet awer näischt mat der Landwirtschaft ze dinn. An och de Fakt, datt hie wärend Joren eng Hand mat ugepak huet, zielt net als Beruffserfarung um Haff. Dofir wäert hien elo mol zwee Joer laang um Haff ugestallt ginn, fir dee Krittär ze erfëllen. Zënter Mäerz ass den Dylan Vieira Da Silva offiziell um Meyers-Haff ugestallt.
Hie wéilt no an no verschidde Funktiounen iwwerhuelen, an och vum Know-how vum Guy Meyers profitéieren, dee bal 40 Joer Erfarung huet. D’Zil ass awer, datt hien no deenen zwee Joer esou wäit ass, datt hien all Aufgab iwwerhuele kann.
D’Famill Meyers-Weis gëtt hirem Nofollger mat op de Wee, wat fir si wichteg ass. Hie kann de Betrib awer och no deene Valeuren ausriichten, déi him wichteg sinn. Dat ass den Deal tëschent béide Partien.
D'Attraktivitéit vum Bauereberuff
Esou vill Chance wéi de Meyers-Haff huet awer net all Bauerebetrib. Dat weess och d’Sylvie Meyers-Weis. Ënner anerem déi administrativ Aarbechte schrecke mëttlerweil vill Leit of. Dobäi kënnt, datt déi Jonk mierken, datt de Beruff mat ganz vill haarder Aarbecht verbonnen ass, et finanziell awer méi attraktiv Beruffer ginn.
"Dat ass natierlech verlockend an da soe si sech, firwat soll ech esou vill musse schaffen, fir net esou vill ze verdéngen. Op der anerer Säit ass et awer och dat administratiivt. Ech fannen d'Erausfuerderung haut un d'Landwirtschaft ass eng ganz grouss."
Dobäi kënnt d’Digitalisatioun, déi och an der Landwirtschaft eng grouss Roll spillt. Hätte si hire Fils net gehat, wiere si "verluer gewiescht", gëtt d’Sylvie Meyers-Weis zou. An och d’Aarbechtsrecht muss ee kennen, d’Fiskalitéit, a Vermaartung spillt mëttlerweil och eng Roll. Si fënnt et schued, datt d’Zäit am Büro ëmmer méi Zäit am Alldag vum Bauer anhëlt.
Den Dylan Vieira Da Silva freet sech awer op déi nei Erausfuerderung. Sécher ass och, datt Quereinsteiger wéi hien zimmlech sielen dierfte sinn.