D’Handwierk kéint ee staarke Motor fir d’Kompetitivitéit zu Lëtzebuerg sinn, seet de Generaldirekter Tom Wirion virun der Press, a rifft d’Regierung op ze handelen. D’Joer 2026 wier ee Schlësseljoer. D’Situatioun wier zwar stabil, mee den Drock géif klammen.
“D’Rentabilitéit geet zeréck, d'Investissementer ginn zeréck, de Bausecteur bremst staark of an d'Onsécherheet bleift héich. D'Fro ass einfach: Wéi laang ass dat nach drobar? Den Här Minister kennt dës Realitéite ganz gutt. Mir tauschen eis reegelméisseg dozou aus a kucken och no Léisungen. E Manktem u qualifizéiertem Personal, ze wéineg Terrainen an de Zones d'activités, héich Käschten, vill administrativ Belaaschtungen: Op Dauer stoussen d'Betriber do un hir Grenzen.”
De Wirtschaftsminister Lex Delles huet iwwerdeems eng Hëllef vum Staat ugekënnegt, wat d’Iwwerhuele vun engem Betrib ugeet.
Tripartite net de Moment fir ee Fuerderungskatalog
Et wier een nach net eraus aus der Krisebewältegung, seet och de Chefekonomist vun der Chambre des Métiers, de Max Urbany. D’Previsioune fir 2026 an 2027 wieren net positiv.
“(...) doduerch, datt mir eben elo eng Kris hunn, déi riskéiert, d'Inflatioun an d'Luucht ze dreiwen, dee Moment eben och d'Lounkäschten, datt och d'Energie- an d'Materialpräisser sech verdeieren an och de Salaire social minimum wäert nach eng Kéier d'Rentabilitéit vun den Entreprisë limitéieren.”
Wat déi vum Premier Luc Frieden ugekënnegt Tripartite ugeet, ass et fir den Tom Wirion, Generaldirekter vun der Handwierkerkammer, net de Moment, fir e Fuerderungskatalog op den Dësch ze leeën.
D’Industriellefederatioun FEDIL hat gëschter déi selwecht Positioun ageholl.