De Grond dofir, datt et um Aarbechtsgeriicht net weider geet, ass well de François Georges een LCGB-Vertrieder fir d'Salariéen, deen um Aarbechtsgeriicht mat sëtzt, refuséiert huet.
Well dee François Georges an deem Kontext allerdéngs net Recht kritt huet, geet hien elo op d'Cassatioun. An der leschter Sëtzung an dëser Affär am Dezember wierr um Aarbechtsgeriicht kee Wuert gefall iwwer esou eng Cassatioun, bedauert de Me Lehnen, Affekot vu ProActif.
Affär wäert réischt kënnen a puer Méint weidergoen
Onzefridden ass hien och doriwwer, datt et bis elo an der Affär ni ëm d’konkret Reprochë géint de François Georges gaange wier. Bis haut wier net driwwer diskutéiert ginn, wat ProActif dozou verleet huet, d'Entloossung ze decidéieren.
"Finalement misst et awer elo iergendwann eng Kéier op de Fong goen. Mir hoffen, datt dat elo sou schnell wéi méiglech géif geschéien. Leider ass et awer elo sou, doduerch datt d’Procédure de cassation wäert mussen duerch all d’Instanze lafen, rechne mer, datt d’Affär net virun Enn des Joers oder uganks d’nächst Joer ka weiderfueren."
Dem Me Lehnen no wéilt een iwwer d’Motivatioun vun der Entloossung vum François Georges schwätzen. Déi éischt Instanz Aarbechtsgeriicht wier nach ëmmer net ofgeschloss.
Den Affekot vum François Georges fir de Volet Récusatioun vum LCGB-Assesseur wollt de Gank op d’Cassatioun iwwerdeems net grouss kommentéieren.
De François Georges war jo viru 26 Méint ofgesat ginn, nodeems de ProActif-President Norbert Conter gesot hat, hie wier vum Ex-Direkter agresséiert ginn. Deen hat awer all Form vun Aggressioun géint de President formell dementéiert.