Trotz engem zolitten Ausbau an de leschte Jore ginn d‘Reserve vu fréie Plazen an den ëffentleche Lycéeën ëmmer méi knapp, dee Constat war et an der Educatiounskommissioun. D‘Zuele vum STATEC sinn hei däitlech, erkläert de Christian Ginter vum Educatiounsministère. Wann den Taux de participation weider eropgeet, géif ee ganz fréi u seng Grenze stoussen.
"Dat heescht, datt mer riskéieren, net méi genuch Plazen an eise Lycéeën ze hunn, fir d'Schüler kënnen opzefänken. Duerch wat kënnt dat? Zum engen, well awer an de leschte Jore vill Schüler an d'Land bäikomm sinn. Zum aneren, well deen Taux de participation eropgeet."
E weidere Facteur wier och, datt net geplangt wier, ee weidere Lycée opzemaachen.
Neie Plang bis 2028...
Den ale plan directeur sectoriel lycées stamt aus dem Joer 2005 an déi Projete goufe vum Clierfer Lycée bis zu Lycée Belval och all ëmgesat. Lo schafft een un enger neier Versioun fir weider auszebauen, nach dëst Joer sollen d'Sitte feststoen, de Plang selwer steet awer eréischt 2028. Sou laang kann een dem Educatiounsminister Claude Meisch no net waarden.
... mee sou laang kann den Educatiounsministère net waarden
Dofir géif een och un enger Rei Punkte schaffen, zum Beispill wéilt ee bestoend Schoulen wa méiglech ausbauen an d‘Schouloffer soll zum Deel dezentraliséiert ginn, fir een zweet Standbeen opzebauen an et sollen 3 weider Europaschoule geschafe ginn.
De Minister huet och präziséiert dat de Plan sectoriel just géif festleeë wou déi Gebaier sollen hikommen an net wéi eng Schouloffer dohi kënnt, also zum Beispill Lycée oder Europaschoul. Prioritéit hätt hei déi regional Verdeelung.