Radioen

On air

Notturno  |  Traumkapitän - Broken Crackery

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Chamber: Nei Charta soll den Ëmgang mat der KI reglementéieren

Kënschtlech Intelligenz

Chamber: Nei Charta soll den Ëmgang mat der KI reglementéieren

D’Chamber huet eng Charta en place gesat fir den Ëmgang mat kënschtlecher Intelligenz innerhalb vun der Institutioun ze reglementéieren. Domadder wéilt een seng Roll als Acteur vun der Digitalisatioun affirméieren a Responsabilitéit iwwerhuelen erkläert de Chamber-Generalsekretär Laurent Scheeck. 

auto_stories

2 min

Foto: Chambre des députés

An éischter Linn ass ëes Charta net geduecht, fir den Deputéierte virzeschreiwen, wéi si hir politesch Aarbecht ze maachen hunn. Vill méi soll se der Chamber als Institutioun déi néideg Richtlinne ginn, erkläert de Laurent Scheeck.

"Et ass méi d’Chamber als Institutioun déi am Fong lo viséiert ass an déi Outilen, déi ier selwer elaboréiere fir d’Aarbecht vun der Chamber méi efficace ze maachen an ze digitaliséieren."

Ënnerstëtzen, awer net ersetzen

D’Chamber huet den Ament nämlech direkt e puer Projeten um Lafe wou kënschtlech Intelligenz an den Asaz kënnt. Bei dëse Projete geet et ënner anerem ëm automatiséiert Iwwersetzungen oder Ënnertitelen, mee och ëm d’Transkriptioun vu Chamberdebatten.

"Dat éischt an eisen Haaptprojet ass e reconaissance vocale logiciel fir automatiséiert Transkriptioune vu Chamberdebatten ze maachen en vue fir notamment d’Chamberbliedchen méi séier a méi efficace kënnen ze publizéieren. Mee wou eis Mataarbechter natierlech ëmmer wäerten noliesen, well mir do déi néideg Präzisioun ëmmer wëllen hunn."

Hiren éischte KI-Projet huet d’Chamber 2020 lancéiert. Dobäi huet ee vun Ufank un den Accent dorop gesat, datt d’kënschtlech Intelligenz de Mënsch soll ënnerstëtzen, awer net ersetzen, sou de Generalsekretär vun der Chamber weider. An dësem Kontext wier dann och d’Charta entstanen.

"Fir dat permanent ze ënnersträichen, dees si mir eis mat der Zäit bewosst ginn, well wat ee méi sou Outilen developpéiert, wat awer ee Besuergnes - verständlecherweis - sech mat der Zäit bereet mécht an dofir ass Transparenz a Kommunikatioun indispensabel."

Formatiounen unzebidden a Sensibilisatiounsaktiounen

Doriwwer eraus soll d’Charta awer och dobäi hëllefen, d’Mataarbechter vun der Chamber ze sensibiliséieren an am Ëmgang mat KI ze ënnerstëtzen.

"Ee wichtegt Engagement ass fir dem Deputéierten, dem Chambersbeamten an dem Fraktiounsmataarbechter dann an Zukunft och reegelméisseg Formatiounen unzebidden a Sensibilisatiounsaktiounen duerchzeféieren, fir ze léieren, mat KI ze schaffen an och mam Zil, KI als Chance ze gesinn, an Ängschte wechzehuelen duerch een eethesche Kader, dee ganz kloer ass an dee gläichzäiteg awer och all déi Chancen, déi d'KI eebe bitt, kënne wouerzehuelen."

D’Chamber huet dann och fir all hir Projeten e Comité de pilotage en place gesat, deen de Suivi mécht a garantéiert, datt dës Charta och respektéiert gëtt.