Radioen

On air

Notturno  |  Traumkapitän - Broken Crackery

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Marc Serres: Den Interessi um Lëtzebuerger Weltraum-Secteur bleift grouss

Lëtzebuerger Weltraum-Agence LSA

Marc Serres: Den Interessi um Lëtzebuerger Weltraum-Secteur bleift grouss

Wann een de Lëtzebuerger Weltraum-Secteur mat deem franséische vergläicht, géifen et hei am Land - proportional gekuckt - méi Entreprise ginn, fir déi och méi Leit géife schaffen. Dat sot de Marc Serres am 100,7-Interview. Hien ass de Chef vun der Lëtzebuerger Weltraum-Agence LSA.

auto_stories

3 min

headphones

15 min

play_arrow
Foto: Jo Diseviscourt

De Spatial wier deemno hei zu Lëtzebuerg am Verglach méi staark wéi a Frankräich, deem europäesche Land, dat de gréisste Secteur huet.

"D’Entwécklung, déi mir hikritt hunn iwwert déi lescht Joren, ass wierklech signifikativ. Wat ons elo nach e bësse feelt, well nach vill Startuppen do derbäi sinn, dat ass, datt dat dann och déi ekonomesch Retombéeën huet, déi mir eis erwaarden, mee do muss een e bësse Gedold hunn."

De Marc Serres spiert och e groussen Interessi bei weideren Acteure, fir sech hei am Land néier ze loossen.

"Mir haten an deenen éischte Joren iwwert 200 nei Kontakter pro Joer. An doropshin hu sech da 5 bis 7 Entreprisen nei zu Lëtzebuerg installéiert."

Prezis Chifferen hätt de Marc Serres net, et kéint awer sinn, datt sech dat "awer e bësse reduzéiert huet".

Wat staark geännert hätt wier, datt een zwar elo manner Kontakter hätt, mee déi hätten eng besser Qualitéit wéi an der Vergaangenheet, esou de Marc Serres.

"Dat heescht, mir hunn nach ëmmer vill Kontakter mat neien Acteuren, fir eppes zu Lëtzebuerg ze maachen, oder fir mat Lëtzebuerg ze schaffen, ob et elo d'Uni, de LIST, also d'Recherche en général, oder mat Entreprisen ass." 

Ofbau vu space resources

Virun engem Mount huet d’Lëtzebuerger Duechter vum japaneschen iSpace-Konzern e Rover virgestallt, deen hei am Land entwéckelt a gebaut ginn ass. E klengt Gefier, dat nach virun Enn dës Joers op de Mound bruecht gi soll an eng Rei Aufgabe mat op de Wee kritt.

Eng dovu besteet doran, mat senger Schëpp e bësse Regolith, also Moundsand oder Stëbs, opzelueden. Dat Ganzt am Optrag vun der NASA. Just oplueden, soss näischt: Bei dësem éischte Versuch geet et nämlech nëmmen ze weisen, datt de Ranger dat kann.

Mee deen Test ass natierlech e weidere Schrëtt a Richtung Exploitatioun vu Weltraumressourcen. Lëtzebuerg huet sech jo do 2017 als éischt europäescht Land - an als zweet Land weltwäit no den USA - e Gesetz ginn, dat hei am Parlament bal eestëmmeg ugeholl ginn ass, dat awer um internationale Plang deels schaarf contestéiert gouf. Mam Argument, den Ofbau vun deene space resources wier eppes, dat net vun engem eenzele Land, mee nëmmen duerch en internationaalt Ofkommes kéint gereegelt ginn. 

Mam Marc Serres goung och rieds iwwer d’Bestriewungen um Niveau vun der UNO, fir d’Exploitatioun vun de Weltraum-Ressourcë mat engem internationalen Accord ze reegelen. 

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Wirtschaft
Wëssenschaft