Den Heescheverbuet an der Haaptstad ass zanter dem leschte Freideg a Kraaft. Dat nodeems de neien Inneminister Léon Gloden vun der CSV eng Decisioun vu senger Virgängerin Taina Bofferding réckgängeg gemaach an domat den Heescheverbuet validéiert hat.
Weider Kritik dozou gouf et gëschter och vun der consultativer Mënscherechtskommissioun. Heeschen ass ee Mënscherecht, an déi sougenannt „mendicité simple“ wier dem Strofgesetz no net verbueden, sou déi consultativ Mënscherechtskommissioun an engem Communiqué.