Radioen

On air

Notturno  |  Nick Drake - River Man

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Caritas: D'Verontreie vu Suen huet ugefaangen, just wéi de Finanzservice sollt reforméiert ginn

Finanzbedruch

Caritas: D'Verontreie vu Suen huet ugefaangen, just wéi de Finanzservice sollt reforméiert ginn

An der Enquête iwwer d'Verontreie vun 61 Milliounen Euro bei der Caritas leien dem radio 100,7 nei Informatioune vir. Wärend d'Justiz d'Theorie vum Bedruch vu baussen ze poursuivéiere schéngt, stellt sech och d'Fro, wéi eng Roll déi inculpéiert Finanzdirektesch an hire Service beim Bedruch gespillt hunn. 

auto_stories

5 min

Caritas | © Wikimedia Commons

Wéi sinn d'Sue verschwonnen? 

Tëschent Februar a Juli 2024 gi bei der Caritas 61 Milliounen Euro verontreit, andeems Viremente vun der Caritas op verschidde spuenesch Konte gemaach ginn, déi net deenen Associatioune gehéieren, déi ugi ginn. Sechs Ae sinn eisen Informatiounen no fir e Virement néideg: De Finanzservice vun der Caritas preparéiert de Virement mat der néideger Dokumentatioun an zwou vu véier Persoune vun der Generaldirektioun mussen elektronesch signéieren. D'Finanzdirektesch, Cheffin vum Finanzservice a selwer Member vun der Generaldirektioun, huet hir Fangere bei der "Spuenien-Operatioun" bal iwwerall am Spill. Firwat den Abus bei der zweeter Ënnerschrëft vun der Generaldirektioun net opfält, muss d'Enquête weisen. 

CSSF mécht eng Analys

An iwwer 100 Tranchë vu manner wéi 500.000 Euro ginn d'Sue fort. Um Enn feelen natierlech Suen an der Keess, an d'Finanzdirektesch hëlt bei den zwou Partner-Banke vun der Caritas Kreditlinnen op: Eng Kéier 16 Milliounen Euro, eng Kéier 10 Milliounen an nach eng Kéier 6 Milliounen Euro. Wat d'Responsabilitéit vun de Banken an dëser Affär ugeet, huet d'Iwwerwaachungskommissioun CSSF eis op Nofro hi confirméiert, datt si sech mat enger Analys iwwer d'Verhale vun de Banken auto-saiséiert hätt. 

D'Finanzdirektesch gëtt bei de Kreditlinnen als Garantie och eng Cession de créance un. An zwar kéinten d'Sue vum Staat, déi nach erakéimen, integral als Garantie gëllen. Dat ass eng vun den Erklärunge firwat d'Regierung an enger éischter Phas gefaart huet, de Staat kéint mat vun der Fraude betraff sinn. 

Schwaachpunkte vun der Finanzgestioun ware bekannt

Eppes, wat der Caritas an dëser krimineller Affär zum Verhängnes gëtt, ass hire strukturelle Problem vun enger schlechter Gesamtvue op hir aktuell Finanzsituatioun. De Service vun der Finanzdirektesch, déi 2019 nach ënner dem viregten Direkter vun der Fondatioun agestallt gouf, sollt grad déi zwee lescht Joren doru schaffen, dat ze verbesseren. Dat war eng Demande vum Conseil vun der Fondatioun an och vu ville Servicer, krute mir confirméiert. 

2023 gouf en externe Consultant domat beoptraagt, Verbesserungsméiglechkeete fir de Finanzservice auszeschaffen. Am Dezember 2023 sinn déi éischt Gespréicher, direkt zweemol mat der Finanzdirektesch. Am Februar 2024 kënnt si nach eng Kéier un d'Rei. Et ass keen einfachen Exercice fir eng Finanzdirektesch, déi um Enn am Rapport duerch Aussoe vu Mataarbechter:innen ze spiere kritt, datt un hire Kompetenzen an un hirem Féierungsstil gezweiwelt gëtt, wärend si selwer der Meenung ass, an hirer Ekipp virun allem inkompetent Mataarbechter:innen ze hunn. Mat de Comptabelen aus den internationale Servicer mat agerechent, schaffen eng 15 Persounen am Departement. 

Finanzdirektesch ënner Drock

D'Recommandatiounen, déi am Rapport gemaach ginn, sinn eebe grad: Manner hierarchesche Féierungsstil, méi kloer Prozeduren, reegelméisseg Teamreuniounen, e kloren Organigramm, wien am Finanzservice wat maachen dierf, d'Digitaliséierung vun de Prozeduren. D'Constate vum Consultant ginn Enn Februar 2024 virgetallt, d'Recommandatioune Ufank Mäerz, nëmme kuerz nodeems déi éischt Virementen a Spuenie gemaach goufen. An deem Zäitraum fänkt och nach en externe Consultant an IT-Spezialist un, deen der Caritas bei der Ëmsetzung vun de Mesuren hëllefe soll. 

Genee also zu engem Zäitpunkt, wéi de Finanzservice ronderëm d'Finanzdirektesch intern ënner Drock geréit fir d'Qualitéit vun der Aarbecht an d'Gestioun ze verbesseren, exekutéiert de Service ëmmer nees Virementen a Spuenien. 

Wie kéint eppes gemierkt hunn?

Scho virun de Recommandatioune vum externe Consultant hu Mataarbechter:innen de Service verlooss, well si net mat der Aart a Weis averstane waren, wéi de Service geféiert gouf. Déi, déi bliwwe sinn, mussen zum Deel matkritt hunn, wat gelaf ass. Mee de Féierungsstil vun der Finanzdirektesch gëtt als haart beschriwwen. Am Rapport vum externe Consultant steet: "les membres de l'équipe Finances s'accordent à dire que le ton sur lequel passent les communications avec Mme (...) est très, voire trop direct et qu'il devrait être possible de faire du feedback de façon moins abrasive". 

Mëtt Juli, kuerz virun der Plainte vun der Caritas géint hir eege Finanzdirektesch, gouf d'Caritas och anonym gewarnt, datt si séier handele misst, well zanter Méint Milliounen a Milliounen Euro a Spuenien transferéiert géife ginn. De Whistleblower oder d'Whistleblowerin muss genee Kenntnis vun der Dot gehat hunn. 

Firwat ass d'Fra net an Untersuchungshaft? 

D'Enquête vun der Justiz schéngt der Verteidegungslinn ze gleewen, datt d'Fra vun externe Kriminellen erageluecht gouf, déi sech iwwer eng gefälschte Mailadress als hire Generaldirekter ausginn hätten. De Parquet huet dem Lëtzebuerger Wort confirméiert, datt d'Fra zwar inculpéiert gouf, mee net an Untersuchungshaft sëtzt, well keng akut Gefor fir eng Verschleierung oder eng Flucht géif bestoen. Mëttlerweil ass confirméiert, datt déi Fra, déi sech der Lëtzebuerger Justiz gestallt huet, d''Finanzdirektesch selwer ass. 

D'Elementer, déi eis virleien, weisen awer, datt d'Finanzdirektesch eng aktiv Roll gespillt huet. D'Fro stellt sech, wéi eng Finanzdirektesch hätt kënnen esou systematesch a wärend esou laanger Zäit op e Bedruch vu baussen erafalen, ouni jee am Betrib Zweiwel unzemellen - zemools well duerch déi vill Virementen a Richtung Spuenien den Drock geklommen ass, datt engem kéint opfalen, wat amgaange war ze geschéien.

Esou laang wéi et kee rechtskräftegt Urteel vun engem Geriicht gëtt, gëllt d'Présomption d'innocence.

Aktualitéit
Caritas
Politik a Gesellschaft