Mëttlerweil wier och e Camion mat Hëllefsgidder am Wäert vun 80.000 Euro ënnerwee.
Den Opruff hat sech haaptsächlech un Entreprisë geriicht. De Francis da Silva erkläert, datt villes gespent gouf, wat wichteg ass fir ofzedecken an nei opzebauen. Also zum Beispill Bachen an Toillen. Awer och Aarbechtsgeschier gouf gespent.
"Des vêtements de travail, des outils pour travailler en chantier, de la peinture et des choses comme ça. On nous a aussi offert des portes, également des lits pour enfants. Voilà, tout ce qui est utile.”
Portugisesche Staat këmmert sech ëm psychologesch Hëllef
Et wier een och schonn amgaangen en zweete Camion ze preparéieren. Nieft materiellen Hëllefe wier et awer och immens wichteg, datt psychologesch Hëllef an den Iwwerschwemmungsgebidder op der Plaz zur Verfügung gestallt gëtt, esou nach de Francis da Silva.
Do hätt de portugisesche Staat och scho vill Psychologen agesat, esou nach de President vun der Chambre de commerce Portugal.