Radioen

On air

Notturno  |  Baden Powell - Canto De Ossanha

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CSMI: Risikopatiente solle sech géint Covid impfe loossen

Gesondheetssecteur

CSMI: Risikopatiente solle sech géint Covid impfe loossen

De Conseil supérieur des maladies infectieuses recommandéiert Risikopatienten zu Lëtzebuerg sech elo am Hierscht op en Neits géint COVID-19 impfen ze loossen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Illustratioun Impfung | © picture alliance / dpa-tmn / Zacharie Scheurer play_arrow
Foto: picture alliance / dpa-tmn / Zacharie Scheurer

Déi nei Recommandatioune vum CSMI riichte sech virun allem u Persounen iwwer 65 Joer, u schwanger Fraen a besonnesch vulnerabel Persounen, déi ee schwéiere Krankheetsverlaf bei enger Corona-Infektioun riskéieren. Ma och un d’Personal an de Fleegeheemer a Klinicken.

D’Covid-19-Infektioune ginn zanter Ufank August nees lues a lues an d’Luucht, confirméiert den Joël Mossong vun der Santésdirektioun. Dat wier ënnert anerem un der Konzentratioun am Ofwaasser ze erkennen. Am Moment wier een op engem mëttleren Niveau, deen ee schonn am Abrëll vun dësem Joer hat. Vum Pic deen ee sech fir d‘Wantersaison erwaarde kann, ass een nach wäit ewech.

Och an de Spideeler géif näischt dorop hindeiten, datt d‘Situatioun sech gravéierend verschlechtert hätt, verséchert den Epidemiolog.

E Rappell fir vulnerabel Persoune wier sënnvoll

Fir vulnerabel Leit wier ee Rappell vun der Impfung trotzdeem sënnvoll. Där Meenung ass och de Conseil supérieur des maladies infectieuses. D’Vizepresidentin a Kannerdoktesch Isabel de la Fuente schléisst och net aus, datt vulnerabel Persounen an Zukunft all Joer ee Rappell vum Covid-19-Vaccin recommandéiert kréien, well de Virus sech vu Joer zu Joer verännert.

Den Impfstoff wier mëttlerweil un déi nei Varianten ugepasst ginn, erkläert d’Isabel de la Fuente. Recommandéiert wier eng Dosis fir d’Opfrëschung.

Covid- a Grippeimpfung kënnen zesumme gemaach ginn

Wéi de CSMI um Site vun der Santé matdeelt, kann d’Covid-19-Impfung zesumme mat der Grippeimpfung gemaach ginn. D’Opfrëschung soll mat engem Ofstand vu sechs Méint zu der leschter COVID-19-Impfung, respektiv Infektioun gemaach ginn.

Lauschterenplay_arrow