De Grand-Duché géif zu deene Länner an der OECD gehéieren, an deenen de Salaire par rapport zu de Kapitalerträg am héchste géif besteiert ginn, schreift d‘Salariatskummer an hirer Analys. Kapitalerträg, dat si beispillsweis Dividenden, Zënsen a Beneficer op der Vente vun Aktien a Fongen. An déi ënnerleien hei am Land anere steierleche Konditioune wéi d‘Paie.
Een Ecart tëscht der Besteierung vum Salaire a vun den Dividenden
D‘Diskrepanz fënnt sech dobäi beim Iwwergang vum Brutto- op d‘Nettoakommes. Den Duerchschnëttssalaire zu Lëtzebuerg gëtt laut den Zuele vun der OECD siwe Mol méi héich besteiert wéi beispillsweis den nämmlechte Montant un Dividenden. A wat d‘Zomme méi héich ginn, wat deen Ënnerscheed méi grouss gëtt. Op d‘Duerchschnëtts-Joresakommes gekuckt läit den Ecart tëscht der Besteierung vum Salaire a vun den Dividende bei ganzer 27,1 Prozentpunkten.
D‘Moyenne an de 37 OECD-Länner läit bei 10,9 Prozentpunkten. An eisen Nopeschlänner ass den Ecart nach manner héich. An och beim Verglach vum Salaire a vun den Erträg aus der Vente vun Aktien oder Obligatioune läit den Ecart zu Lëtzebuerg bei ganzer 31,4 Prozentpunkten. D‘OECD-Moyenne ass däitlech méi niddereg mat 9,7 Prozentpunkten.
Skandinavien als Virbild?
D‘CSL hält um Enn fest, datt Lëtzebuerg kee Follower, mee ee Leader wier, beim privilegiéierten Traitement vun de Kapitalerträg. Profitéiere géifen dovun haaptsächlech déi besser opgestallte Stéit.
Aner Länner, notamment déi skandinavesch, déi fir hire sozio-ekonomesche System ze beneide wieren, hätten et fäerdeg bruecht, kompetitiv ze bleiwen an d‘Salariéeë bei der Besteierung net ze diskriminéieren. Eng Alternativ zum Lëtzebuerger System wier deemno kloer méiglech, misst dann awer och vun der Politik erwënscht sinn.