Den Defizit soll awer net heeschen, datt d’Athletinnen an Athleten elo manner op de COSL kënnen zielen, seet de President vum Olympesche Comité, de Michel Knepper. Dofir géif een op eng weider Ënnerstëtzung vum Sportsministère hoffen, virun allem fir d’Deplacementer ze garantéieren.
Falls een déi net géif kréien, misst een eventuell d’Zuel vun den Athletinnen an Athlete reduzéieren.
Athleetinnen an Athleete brauchen 100 Prozent vun hire Kreditten
Zu der finanzieller Situatioun vun zejoert sot de COSL-President Michel Knepper, datt dat Geld awer net verluer gaange wier, well se jo un d’Verbänn ausbezuelt gi wieren. Iwwerdeems hätt een nach Récklagen an Héicht vun 2,6 Milliounen Euro.
Déi héich Ausgabe wieren och dorop zeréckzeféieren, datt Athleete sech méi fir Qualifikatioune mussen deplacéieren.
"Fréier hunn d'Athleete vun deene Kreditten, déi si haten, hate si soss 40 bis 60 Prozent gezunn. Haut musse si 100 Prozent leider zéien. An dat ass eng Evolutioun, déi e bësselchen dramatesch ass."
Dowéinst wäert een an Zukunft méi ofhängeg gi vun der Ënnerstëtzung vum Sportsministère.