No der klorer 5:0 Defaite am Aller-Match en Dënschdeg heiheem, wëllt een et dës Kéier besser maachen, sot den Nationaltrainer Dan Santos am 100,7-Interview.
Virun engem ongewéinlech grousse Public opzelafen, dierft fir d’Rout Léiwinnen awer keng Excuse fir eng schlecht Leeschtung sinn. Dozou den Dan Santos.
“An England hate mer och 24.000 Leit, an a Schweden hate mer 20.000 Leit, an an der Tierkei hate mer 15.000 Leit."
Dem Dan Santos no, gëtt et eng eng flott Ambiance, déi éischter motivéiere kéint. Nom Match den Owend geet et fir d’Dammennationalekipp Mëtt Abrëll an der Nations-League weider. Do stinn dann zwee Matcher géint Israel um Programm.