arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Äishockey: Finall bei de Männer tëschent Kanada an den USA

Olympesch Wanterspiller

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Äishockey: Finall bei de Männer tëschent Kanada an den USA

Sportlechen Ofschloss bei de Wanterspiller 2026: Kanada géint d’USA, esou heescht um Sonndeg d’Finall am Äishockey vun de Männer bei den Olympesche Wanterspiller zu Mailand a Cortina d’Ampezzo.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Milano Santagiulia Ice Hockey Arena | © EPA/FAZRY ISMAIL
Milano Santagiulia Ice Hockey Arena (Foto: EPA/FAZRY ISMAIL)

Fir vill Spectateure vun de Wanterspiller ass d’Finall vum Äishockey de kréinenden Ofschloss.

Mee wat muss ee virun der Finall iwwer Äishockey wëssen?

Däerfen d’Spiller sech wierklech zerklappen? Fir et kuerz ze maachen: Nee. D’Spiller beim Äishockey däerfe sech net zerklappen. Op d’mannst net bei den Olympesche Spiller. 

Wa se et trotzdeem maachen, ass de Match fir si eriwwer. Toleréiert ass et awer zum Beispill an der NHL, also der nordamerikanescher Äishockey-Liga. Mee och hei gëtt et eng 5-Minutten Zäitstrof fir Kläppereien. D’Staren aus der NHL – déi stäerksten Äishockey-Liga vun der Welt - musse sech also e bëssen zréckhalen. D’Spectateure wäerten dogéint frou sinn, datt d’Spiller aus der NHL iwwerhaapt dobäi sinn. Dat war bei den zwou leschten Editioune vun den Olympesche Wanterspiller nämlech net de Fall.

Wéi gëtt Äishockey gespillt?

Well de Sport jo awer Äishockey an net Äisboxen heescht, ass d’Zil vum Spill och net ze schloen, mee déi meeschte Goler ze schéissen.

Bannent dräi mol 20 Minutte versichen déi fënnef Feldspiller de Puck laanscht de Golkipp ze kréien. Well dat nawell zimmlech ustrengend ass, ginn d’Feldspiller am Äishockey dauernd an- an ausgewiesselt. Déi vill kuerz Sprints an deelweis hefteg Kierperkontakter maachen et bal onméiglech méi wéi e puer Minutten um Stéck um Äis ze bleiwen. Bei engem Match vu 60 Minutte kënnt een eenzelne Spiller am Duerchschnëtt just op ronn 15 bis 20 Minutte Spillzäit.

Wann et de Mëtteg um Enn vun de 60 Minutte gläich steet, wäerten awer nach e puer Minutten dobäi kommen. Da geet nämlech d’Verlängerung lass – an déi verlaangt de Spiller nach eng Kéier alles of. D’Reegele sinn nämlech anerer wéi an den Tier virdrun an och anescht wéi an anere Competitiounen. D’Verlängerung an der Finall ass net zäitlech begrenzt. Et kënnt deemno och net zu engem Penalty Shootout. Et stinn op all Säit och net méi fënnef, mee just nach dräi Spiller um Terrain, plus natierlech de Golkipper. Déi éischt Equipe déi dann e Gol schéisst, decidéiert de Match fir sech a gewënnt d’Goldmedail.

D'USA hunn d'Damme-Finall fir sech entscheed

An der Äishockey-Finall bei den Dammen, haten d’USA een Donneschdeg 2:1 géint Kanada gewonn.

play_arrow Lauschteren