arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Rennrodelen: Wa Schlittfueren olympesch gëtt

Olympesch Wanterspiller

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Rennrodelen: Wa Schlittfueren olympesch gëtt

Schonn zënter den Olympesche Wanterspiller 1964 zu Innsbruck ass Rennrodele festen Deel vum olympesche Wanterprogramm. Beim Rodele fueren d'Athleeten op engem Schlitt duerch e veräiste Kanal. Mam normale Schlittfueren, wat ee selwer kennt, huet d'olympesch Sportaart awer näischt méi ze dinn. 

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© picture alliance/dpa | Michael Kappeler
(Foto: picture alliance/dpa | Michael Kappeler)

No vir, no hannen, no vir, a lass.

Nach e puermol kräfteg mat den Hänn um Äis ofdrécken an da geet et knapp ee Kilometer erof duerch den Äiskanal.

Beim Rennrodelen leien d’Athleeten an Athletinnen op enger Zort Schlitt - um Réck a mat de Féiss no vir. D’Ausrüstung vun de Rodler ass gemaach fir maximal Vitess ze erreechen. Vun den enken, aerodynameschen Uniformen, iwwer de Kask bis bei d’Schung.

Rodelen: Alles dréit sech ronderëm d'Gewiicht

Och d’Gewiicht gëtt optiméiert. E männleche Rodler dierf nämlech héchstens 90 Kilo weien, bei de Frae sinn et der 75. Wien also manner weit, deet sech e Gilet mat Gewiichter un, fir datt et nach méi séier biergof geet.

Um Wee duerch den äisege Parcours erreechen d’Athleeten an Athletinnen op hirem Schlitt bis zu 150 Kilometer an der Stonn. Domat ass Rennrodelen déi séierst Sportaart op den Olympesche Wanterspiller.

Nieft enger héijer Vitess erliewen d’Athleeten an Athletinnen um Wee no ënnen och Kräfte vu bis zu 7 g - hire Kierper fillt sech also siwe mol esou schwéier u wéi normal. Als Verglach: op enger Achterbunn wierken am Normalfall just bis zu 4 g.

Gesteiert gëtt just mam Kierper

Fir duerch den äisege Parcours ze manövréieren, kënnen d’Athleeten an Athletinnen hiert Gewiicht verlageren oder mat de Been e wéineg steieren.

Mee opgepasst: E bëssen ze vill Steiere ka wäertvoll Zéngtel Sekonne kaschten. An déi kënnen um Enn entscheedend sinn. Eng mechanesch Brems gëtt et um Schlitt iwwregens net. De Rodler dierft dat egal sinn. Si kenne just eng Optioun - an déi heescht Vollgas.

Bei der Ekippe-Staffel haut um Donneschdeg den Owend triede Fraen a Männer souwuel am eenzel wéi och am Dubbel noeneen un.

Déi Ekipp, déi mat alle véier Schlitter am séiersten am Zil ass gewënnt.

D’Chancë sti gutt, datt d’Gewënner:innen um Enn aus Däitschland kommen. Bis ewell hunn d’Ekippe-Staffele bei allen dräi Editioune Gold mat Heem geholl. Mee och d’Éisträicher oder d’Lette wäerten hir Chancen op eng Goldmedail notze wëllen.

play_arrow Lauschteren