arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Äiskonschtlaf: Déi wuel "schéinsten Disziplin" vun den Olympesche Spiller

Olympesch Wanterspiller

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Äiskonschtlaf: Déi wuel "schéinsten Disziplin" vun den Olympesche Spiller

Kënschtlereschen Ausdrock an Eleganz sinn e Muss. Nieft der technescher Perfektioun natierlech. Et ass eng al Sportaart am Wantersport. 1908 zu London war den Äiskonschtlaf eng éischte Kéier olympesch. An zënterhier ëmmer erëm. Den Owend ass en Highlight: D'Kür am Äiskonschtlaf vun de Koppelen.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© EPA/WU HAO
(Foto: EPA/WU HAO)

Dat war dach schonn - seet vläicht deen oder oder aneren, deen net grad zu de Spezialisten zielt. Mengt Dir de Kuerzprogramm vu gëschter? Dee gehéiert derzou!

Oder sidd Dir d’Affer vun enger klassescher Verwiesslung ginn: Et ginn nämlech zwou Disziplinne vu Koppelen um Äis. Den Äiskonschtlaf an den Äisdanz.

Schwiereg Stunten 

Am Äisdanz goufen d’Medaile scho Mëtt vun der leschter Woch verdeelt an haut um Méindeg den Owend ass et d’Decisioun beim Äiskonschtlaf. Dee faszinéiert wéinst schwierege Stunten.

Gewise ginn ënner anerem Hiewunge mat Dréiungen, Parallelspréng a Werf, derbäi kënnt nach déi spektakuläerst Beweegung, déi sougenannten Doudesspiral. Hei rutscht d’Äiskonschtleeferin bal am Horizontale mat engem gestreckte Been - iwwer d’Äis - mam gestreckten Aarm hält si dem Partner seng Hand - dee si ëm seng Kierperachs dréit.

Manner wéi fënnef Minutten 

Fir all sinn an der Kür haut 4 Minutten 30 virgesinn. Am Kuerzprogramm hu siwen Elementer misse presentéiert ginn, dat an 2 Minutte 40. 

D’Hoffnung, datt alles geléngt, ass grouss, an awer geet gäre munches schif.

Et gëllt da mat Pokerface a guddem Nervekostüm weiderzemaachen, well och de kënschtlereschen Ausdrock zielt. D’Musek an d’Theema sichen d’Athleete selwer eraus. Natierlech och hir Kostümer. Bei de Kompetitiounen an den 20er Jore sinn d’Athleete mat wëlle Pulloveren an decke Collanten op d’Äis gaangen.

Am Laf vun de Joerzéngten huet dat geännert. D’Fraen triede meeschtens an der Jupe un. Zënter 2004 däerfe Fraen och Boxen undoen. Fir Männer gouf d’Reegel an déi ëmgedréite Richtung net geännert.

Kostümer spillen eng Roll 

D’Sportler:inne siche gären nom Spektakulären, dat iergendwéi an Erënnerung bleift - an awer wëllt déi international Äissportfederatioun, datt d’Kostümer weiderhi bescheiden a wierdeg sinn, ouni opfällegen an theatraleschen Design. Mee do gëtt et sécher Interpretatiounsspillraum.

Egal wéi dierf déi eng oder déi aner Handvoll Pailletten net feelen.

play_arrow Lauschteren