Déi paralympesch Wanterspiller ginn den Owend an der Arena zu Verona offiziell lancéiert. Dobäi wäerten awer däitlech manner Athleeten dobäi sinn, wéi dat nach zu Peking 2022 de Fall war. Dat direkt aus zwee Grënn. Engersäits si nëmmen zwee Athleete pro Land virgesi si fir anzelafen – Dat wéinst der Gréisst vun der Arena. Iwwerdeems hunn direkt e puer Länner ugekënnegt d’Zeremonie boykottéieren ze wëllen.
Russesch a Belarussesch Athleete kruten eng Wildcard
Et kënnen elo nämlech 6 russesch a 4 belarussesch Athleeten un de Paralympesche Spiller deelhuelen – si krute vum Internationale Paralympesche Komitee (IPC) eng Wildcard. Si trieden net ënner neutralem Fändel u wéi bei anere grousse Sportveranstaltungen zënter dem Ukrainkrich, mee ënner hirem Fändel. Géifen déi Athleete Medaile gewannen, géifen dann och déi russesch, respektiv belarussesch Hymne gespillt ginn.
Boykott aus Solidaritéit mat der Ukrain
Direkt nodeems dat bekannt ginn ass, huet déi ukrainesch Delegatioun scho matgedeelt, d’Zeremonie ze boykottéieren. Weider Länner hu sech aus Solidaritéit mat der Ukrain, déi zënter véier Joer ënner dem russeschen Ugrëffskrich leit, och dofir décidéiert. Dozou gehéieren ënner anerem Däitschland, Kanada, Polen, Groussbritannien oder Tschechien.
Iwwerdeems krut déi ukrainesch Delegatioun keng Genehmegung hir ursprénglech ugeduechten Ekippenuniformen unzedinn. Dat war haaptsächlech eng Jackett an de Landesfaarwe giel a blo, a mat den Ëmrësser vun der Ukrain, doran enthalen och d’Hallefinsel Krim, déi zënter 2014 vu Russland besat ass. Den IPC huet d’Jacketten net geneemegt, well se National Identitéit erëmspigele géifen, wat dem Regelbuch no verbuede wier.
Scho bei den olympesche Wanterspiller war den ukrainesche Skeleteon Pilot Vladislav Heraskewitsch disqualifizéiert ginn, well hie sech geweigert hat net mat sengem Casque un den Depart ze goen, deen ukrainesch Athleete gewisen hat, déi am Krich gestuerwe sinn.