D'Ae wäerte virun allem op d'Patrizia Van der Weken geriicht sinn. Si ass am Moment déi drëtt séierst Leeferin weltwäit op der kuerzer Sprintdistanz. Zejoert hat si op der Halen-WM a China d'Bronzemëdail gewonnen.
D'Weltmeescherschaften dëst Joer si vun e Freideg bis e Sonndeg, wärend aacht Deeg zu Torun a Polen.