Eng Rëtsch Spillerinnen hätte gemellt, dass si inappropriéiert Message vun him kritt hätten.D‘FLF huet doropshin decidéiert, de Kontrakt mam Dan Santos wéinst Faits graves ze resiliéieren.
"Zesummenaarbecht net méi méiglech"
Dem Dan Santos säi Behuele géif géint déi ethesch Wäerter am Sport verstoussen.
D‘Spillerinnen hätten och kee Vertraue méi an hiren Trainer. Dowéinst wier eng weider Zesummenaarbecht net méi méiglech, sou d‘FLF.