search

/ AMMD weist sech iwwerrascht iwwer d‘Kommunikatioun vun der CNS

Gesondheet

|
reading time

2 min

AMMD weist sech iwwerrascht iwwer d‘Kommunikatioun vun der CNS

D‘AMMD weist sech iwwerrascht iwwer d‘Kommunikatioun vun der CNS iwwer de Stand vun de Verhandlungen iwwer eng nei Konventioun. Den AMMD-President Chris Roller confirméiert am 100,7-Interview, datt ee sech wuel iwwer den Text vun enger neier Konventioun eens wier.

reading time

2 min

D'Logo vun der Doktesch- an Zänndokteschgesellschaft AMMD | © Radio 100,7
D'Logo vun der Doktesch- an Zänndokteschgesellschaft AMMD (Foto: Radio 100,7)

Ma d‘Dokteschvereenegung bleift awer bei hirem urspréngleche Statement, datt ee keng nei Konventioun wäert ënnerschreiwen, esou laang ee sech net mat der Politik iwwer hir Revendicatioune fir gesetzlech Ännerungen eens wier.

„Mir kënnen d‘Konventioun esou net ënnerschreiwen.“ 

Deemno kéint ee sech och eng Mediatioun duerno spueren. Elo wier d‘Politik gefrot hier Verspriechen aus dem Walkampf an dem Koalitiounsaccord ëmzesetzen, esou de Chris Roller. Der AMMD wier iwwerdeems bewosst, datt wa bis den Hierscht keng nei Konventioun ënnerschriwwe gëtt, datt déi dann iwwer ee Reglement grand ducal gereegt gëtt.

„Et si schonn zwee Joer an dëser Legislaturperiod verluer gaangen, ouni datt d‘CSV eppes an der Santé ëmgesat huet, wat si am Walkampf oder am Koalitiounsaccord versprach huet“

Zu hire Revendicatioun zielen ënner anerem eng mei grouss Ouverture an een neie Finanzement vum Ambulatoire, eng nei Léisung zu der Revalorisatioun vun der Lettre clé, eng Ännerung am Code de la securite social vum Therme „utile et necessaire“ (CNS géif déi aktuellst Recommandatiounen net kennen a kéinten dat deemno net richteg evaluéieren) an eng Tarifautonomie.

Béid Parteien hunn no der Kënnegung sechs Méint Zäit, fir eng nei Konventioun ze ënnerschreiwen. Deen Delai leeft geschwënn of - sollt d'AMMD net bis Enn des Mounts ënnerschreiwen, da misst een op eng Mediatioun zeréckgräifen, esou d'CNS. 

Am Hierscht d’lescht Joer hat d’AMMD d’Konventioun mat der Gesondheetskeess gekënnegt. D’Dokteschtassociatioun hat strukturell Ännerunge verlaangt, nodeems et och Sträit tëschent béide Säiten iwwer d’Festleeë vun den Tariffer vun den Doktere gouf.