Radioen

On air

Kultur um 5  |  De 15. LuxFilmFest start den Owend

play_arrow Live
search

/ CNS: Méi séiert Remboursement duerch optesch Lecture vu Rechnungen

Santé

CNS: Méi séiert Remboursement duerch optesch Lecture vu Rechnungen

Dräi Véirel vun all den Dokteschrechnungen déi bei der CNS erakommen, kënnen an Tëscht duerch déi optesch Lecture traitéiert a bannent e puer Deeg rembourséiert ginn. Dat äntwert d‘Ministerin fir Gesondheet a sozial Sécherheet op eng deementspriechend parlamentaresch Fro vum Piratendeputéierte Sven Clement.

auto_stories

1 min

Dokumenter déi manuell musse veraarbecht ginn, huele méi Zäit an Usproch. Fir de Remboursement nach weider ze beschleunegen, gouf jo den Tiers payant agefouert, deen awer nach net iwwerall funktionéiert.

Dofir hätt d‘Gesondheetskeess e weidere Projet initiéiert, deen deemnächst géif ëmgesat ginn, schreift d‘Martine Deprez weider. D‘Leit géifen dowéinst elo bei den Detail vum Remboursement Piktogrammer derbäi geluecht kréien, fir ze weisen, wéi ee seng Dokumenter am Beschte soll eraschécken, fir datt nach méi kéint op déi optesch Lecture zeréck gegraff ginn.