Radioen

On air

Spektrum  |  Thee Heart Tones - No Longer Mine

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ CID Fraen an Gender suergt sech wéinst ëmstriddener Petitioun a lancéiert Protestaktioun

LGBTIQA+-Theemen an der Schoul

CID Fraen an Gender suergt sech wéinst ëmstriddener Petitioun a lancéiert Protestaktioun

De Centre d’information Fraen a Gender huet eng Protestaktioun lancéiert wéinst der ëmstriddener Petitioun, déi gefuerdert huet, datt d’LGBTIQA+-Theemen aus dem Stonneplang an der Schoul soll gestrach ginn.

auto_stories

1 min

Als Konter-Beweegung sollt um Donneschdegmëtteg um 12 Auer Kaméidi gemaach gi fir d’Mënscherechter, esou war et den Opruff vum CID Fraen an Gender.

An engem Oppene Bréif, dee vun enger ganzer Rei vun Organisatiounen ënnerschriwwe gouf, gëtt sech Suerge gemaach, datt een iwwert déi Petitioun eng Zort Zensur kéint aféieren, an datt een dann d’Onsiichtbarkeet vu queeren Identitéiten an de Schoule kéint verstäerken.