Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CGFP ka Revendicatioune vum OGBL net novollzéien

Gehälterverhandlunge fir den ëffentlechen Déngscht

CGFP ka Revendicatioune vum OGBL net novollzéien

D‘CGFP huet kee Versteesdemech dofir dat den OGBL bei de Gehälterverhandlungen an der fonction publique wëll mat um Dësch sëtzen. Dat huet de CGFP Generalsekretär Steve Heiliger op Nofro hi kloer gemaach.

auto_stories

1 min

Steve Heiliger a Romain Wolff | © SIP / Claude Piscitelli
Foto: SIP / Claude Piscitelli

Den OGBL fuerdert dat Matsproochrecht zënter Joren, dat mam Argument, datt och zegdausende vun Employéë beim Staat, bei der CFL a bei de Gemenge géife schaffen. Et wier ee bis elo eleng eens ginn an dat sollt och an Zukunft esou bleiwen, sou de Steve Heiliger. Dat géif och de Premier Luc Frieden esou gesinn an dat géifen och d‘Resultater vun de Sozialwahlen kloer weisen. An der Chambre des Fonctionnaires hätt d‘CGFP de Moment 21 vun 22 Sëtz, sou nach de Steve Heiliger.

De Steve Heiligerplay_arrow

"Fir eis ass et ganz kloer, datt mer eng national representativ Gewerkschaft am ëffentlechen Déngscht hunn, dat ass d'CGFP. A fir eis ass et och ganz kloer, datt d'Verhandlungen exklusiv mat der CGFP gefouert ginn."