An de Méint Dezember a Januar wieren iwwer 7.000 Kanner an der Urgence vun der Kannerklinik gewiescht. Ufank Februar waren d’Better an där Kannerklinik zu bal 90 Prozent beluecht.
Wéinst Gripp a Covid goufen et tëschent September 2024 a Februar 2025 am Total, also mat erwuessene Patienten, bal 1.500 Hospitalisatiounen.
Der Ministerin no, hätte sech dëse Wanter iwwer 90.500 Leit géint d’Gripp impfe gelooss, a bal 13.000 géint Covid.
Wéi vill Doudesfäll et dëse Wanter a Relatioun mat Gripp a Covid goufen, wier nach net gewosst, esou d’Martine Deprez.